An den RTL-Studioe sinn d'Luuchten opgebaut, d'Kabele geluecht, d'Schauspiller waarden op hiert Stéchwuert. Hei gëtt e Kinosfilm gedréit, deen e brisant Stéck Zäitgeschicht mat Humor hëlt
"Mir dréinen hei eng lëtzebuergesch-belsch Koproduktioun déi heescht 'Oh lovely Belgium'. Dat ass eng Comedie vun engem grousse belsche Komedien oder Komedierealisateur, de Stijn Coninx, an dat ass d'Geschicht wou 823 Deeg no de Walen, wou de Gouvernement zesummefält. D'Flamänner an d'Wallounen hunn et net fäerdegbruecht e Gouvernement ze kreéieren a si decidéieren elo fir auserneen ze goen", esou d'Produktiounscheffin Alexandra Hoesdorf.
Wat een um Set net gesäit, awer héiert, ass den Toun. Dee muss um Enn net nëmme gutt sinn, mee och zu all Zeen passen. Dofir ass ee Mann hei besonnesch gefuerdert: de Carlo Thoss, Touningenieur vum Dréi:
"Et ass eng Komedie mat ganz vill Dialog an doduerch war meng Erausfuerderung natierlech fir dat alles esou propper wéi méiglech opzehuelen. Di aner Erausfuerderung war och dass mer andauernd op enger anerer Plaz gedréit hunn dat heescht dass mer zu Bréissel, op der belscher Plage, zu Lëtzebuerg an iwwerall an andauernd missten hin an hier rennen an ëmmer erëm nei opbauen an ofbauen. Dat ass natierlech och da fir déi verschidden Décoren eng Erausfuerderung fir dat ëmmer gutt ze maachen, fir dass et esou klengt wéi et soll klengen."
D'Klapp fält, d'Equipe baut of an um nächsten Dréiuert nees op. Ob d'Politik am Film en Happy End fënnt, gesäit ee viraussiichtlech um Enn vum nächste Joer am Kino.