Music Days ViandenDen Ufank huet e Concert mat Trauermusek gemaach

Isabelle Gillen
Et ass déi 7. Editioun vun de Music Days zu Veianen.
Music Days Vianden
D'Music Days, déi dofir bekannt si Concerten op aussergewéinleche Platzen ze spillen, hunn hiren Ufank dëst Joer also mat Trauermusek gemaach.

2 Deeg virun Allerhellegen hate sech den Ensemble Vocal du Luxembourg, den Uergelspiller Paul Kayser an d'Sacqueboutes du Nord zu Veiane versammelt, fir e Concert mat Trauermusek ze spillen. Den Dirigent war de Matthias Rajczy:

"Ich finde es gerade bei dieser Musik, die ja für den Ritus der Beerdigung geschrieben worden ist, besonders reizvoll, sich auch mal die Gelegenheit zu geben, das mit der emotionalen Distanz eines Menschen, der gerade nicht in Trauer ist, zu hören und auf diese kleinen Nuancen zu hören, auf diese trostspendenden Elemente, die sich in der Musik befinden, aber natürlich auch die spannungsvollen."

© Isabelle Gillen

D'Music Days, déi dofir bekannt sinn aussergewéinlech Concerten op aussergewéinleche Platzen ze spillen, hunn hiren Ufank dëst Joer also mat Trauermusek gemaach. Um 31. Oktober gouf et am Schlass en Halloween-Concert an et stinn nach 3 Weider Evenementer um Programm, erzielt de Jerry Gaudront vu Kammerata Luxembourg:

"Mir bidden awer och Jazz am ale Kino un, esou dass mer wierklech alles ofdecken an den an e weider Concert deen eraus stécht, ass ee Concert mat Kärzeliicht am Veianer Schlass, wou d'Kammermusek am Zentrum steet."

Dësen ass dann den 8. November am spéide Nomëtten an et ze héiere gëtt et Musek vum Franz Schubert a Louise Farrenc.

Organiséiert ginn d'Music Days vu Kammerata Luxembourg, mat Ënnerstëtzung vun de Veianer Schlassfrënn an der Gemeng Veianen, mam But Musek a Geschicht ze verbannen.

Déi lescht Concerte vun de Music Days ginn de 6. an 8. November gespillt. Méi Informatioune fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO