Awards Night 2026Sportspress.lu huet Lëscht mat Nominéierte bekannt ginn

Jeff Kettenmeyer
Am Dezember ginn op en Neits déi bescht sportlech Leeschtungen vum Joer zu Lëtzebuerg verginn. D'Sportspress huet elo d'Lëscht mat den Nominéierte bekannt ginn.
D'Awards Night ass den 3. Dezember zu Munneref.
© sportspress

Den 3. Dezember ginn zu Munneref d'Lëtzebuerger Sportler vum Joer geéiert. Bei den Häre sinn dëst d‘Joer 13 Athleeten nominéiert, dorënner och den Titelverdeedeger Ruben Querinjean aus der Liichtathleetik. Och bei den Dammen ass nees d‘Gewënnerin vum leschte Joer, d‘Patrizia van der Weken, op der Lëscht. Si huet des Kéier Konkurrenz vun 11 Sportlerinnen. Bei de beschten Ekippe vum Joer hunn d'Membere vun der Lëtzebuerger Sportspress de Choix vu 7 Alternativen. A fir den Titel vum Trainer vum Joer kommen der 8 Stéck a Fro.

Donieft ginn och nees eng Partie aner Präisser verdeelt, wéi dee vum Jeune Espoir un d‘Emma Barthel aus dem Schwammen an de Sebastian Ziekman aus dem Triathlon.

De kompletten Iwwerbléck fannt Dir hei:

Communiqué_Nominés_2026.pdf

Back to Top
CIM LOGO