Triathlon-Weltcup am ChileEva Daniëls feiert éischt Podiumsplaz

RTL Lëtzebuerg
De Weekend waren dräi Lëtzebuerger beim Triathlon-Weltcup zu San Pedro de la Paz an Chile am Asaz.

E staarkt Resultat gouf et e Sonndeg fir d'Eva Daniëls beim Triathlon-Weltcup am Chile iwwer déi olympesch Distanz. D'Lëtzebuergerin huet et als Drëtt eng éischte Kéier op de Podium vun engem Weltcup gepackt a wichteg Punkten an der Qualifikatioun fir d'Olympesch Spiller gesammelt. Bei den Häre koum den David Land op déi gutt 11. an de Gregor Payet op déi 21. Plaz.

D'Eva Daniëls hat schonn am Waasser de Grondstee fir hiert staarkt Resultat geluecht. No enger gudder Schwammleeschtung war d'Lëtzebuergerin um Vëlo direkt am éischte Grupp dobäi. Och beim ofschléissenden 10-Kilometer-Laf konnt si iwwerzeegen a sech um Enn déi drëtt Plaz sécheren.

Bei den Hären hunn den David Land an de Gregor Payet nom Schwammen den zweete Grupp um Vëlo erwëscht. Virun hinne louch e Grupp vun aacht Athleten. Besonnesch den David Lang konnt duerno beim Lafen iwwerzeegen. Hien huet bis zum Schluss ëm eng gutt Placéierung gekämpft a koum als 11. an d'Zil. De Gregor Payet konnt beim Lafen net ganz mam Tempo vun de Beschte mathalen, um Enn ass et déi 21. Plaz fir de Lëtzebuerger.

Fir déi Lëtzebuerger Triathlete geet et schonn den nächste Weekend am Chile weider. Zu Iquique steet deen nächste Weltcup um Programm, dës Kéier iwwer d'Sprintdistanz. D'Linda Krombach soll dann och nees mat dobäi sinn. Si konnt zu San Pedro de la Paz wéinst enger liichter Blessur net un den Depart goen.

Déi komplett Resultater fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO