D'Milwaukee Brewers hunn eng éischte Kéier an hirer Veräinsgeschicht d'World Series gewonnen. An der Finall-Serie vum US-amerikanesche Baseball-Championnat hu si sech mat 4:1 géint d'Tampa Bay Rays duerchgesat. An der Nuecht op en Donneschdeg hunn d'Brewers dee fënnefte Match mat 4:1 gewonnen.
Zu St. Petersburg a Florida hunn d'Brewers hir Saison gekréint. 44 Joer laang hat de Club op dësen éischte Championstitel musse waarden. Just 1982 hat Milwaukee eng Kéier an der Finall gestanen. Géint Tampa Bay hate si hiren zweete Matchball genotzt, nodeems d'Rays déi véiert Finall nach no extra Inninge gewonnen haten.
Mat entscheedend fir de Succès war an der fënnefter Finall den 22 Joer ale Rookie Cooper Pratt, dee fir Milwaukee un dräi vu véier Runs bedeelegt war. Zum wäertvollste Spiller vun de World Series ass säin Teamkolleeg William Contreras gewinnt ginn. D'Rays mussen no hirer drëtter Finall weider op en éischten Titel waarden.