
Et ass offiziell. De Pedro Resende huet bei Excelsior Virton an der zweeter belscher Futtball-Divisioun ënnerschriwwen. Dat huet de Veräin e Méindeg matgedeelt. Réischt virun e puer Deeg huet den 49 Joer alen Trainer säin Depart vum FC Déifferdeng 03 annoncéiert.
Zanterhier goufen et Rumeuren, datt den zweefachen Déifferdenger Championstrainer op Virton géing wiesselen. De Veräin aus der zweeter belscher Divisioun steet no 8 Spilldeeg mat 13 Punkten op der 5. Plaz an der Tabell a kritt et e Samschdeg doheem mam Tabelleleader Beerschot ze dinn.
Den FC Déifferdeng 03 huet nach kee Successeur bekannt ginn.