Den Iwwerbléck vum internationale FuttballFrankfurt klappt den HSV, Liverpool verléiert doheem géint Arsenal

RTL Lëtzebuerg
An Italien gëtt et eng weider Victoire fir Como. A Frankräich ginn et 3 Punkte fir Stroossbuerg an den FC Paris.
Frankfurt's German forward #09 Jonathan Burkardt is tackled by Hamburg's Norwegian forward #38 Alexander Rossing-Lelesiit (R) during the German first division Bundesliga football match between Eintracht Frankfurt and Hamburg SV in Frankfurt am Main, western Germany, on November 1, 2026. (Photo by Kirill KUDRYAVTSEV / AFP) / DFL REGULATIONS PROHIBIT ANY USE OF PHOTOGRAPHS AS IMAGE SEQUENCES AND/OR QUASI-VIDEO
De Kylian Mbappe huet no senger 2. Plaz beim Ballon d'Or de Weekend op e Neits fir Real getraff.
© AFP

D'Laura Miller ass iwwerdeems am DFB-Pokal bei den Damme mat Nürnberg géint Frankfurt eraus geflunn. Den Iwwerbléck fannt dir an eiser Rubrik Lëtzebuerger Futtballer am Ausland.

Iwwerdeems goufen an Däitschland 1/8-Finallen am DFB-Pokal bei den Hären um Sonndeg den Owend ausgeloust. Hei spillen ënnert anerem Frankfurt géint Dortmund, Stuttgart géint Dynamo Dresden, Leverkusen géint Leipzig, Lautern géint Freiburg a Bayern géint Hertha BSC.

Bundesliga

Union Berlin - FC Köln 1:1
1:0 Haberer (10'), 1:1 Malek El Mala (79')

Nodeems Köln sech ënnert der Woch am DFB-Pokal 5:0 géint Union duerchsetze konnt, hat d'Lokalekipp e Sonndeg Méiglechkeet op Revanche. An engem schwaache Match, mat wéinege flotten Aktioune spille béid Ekippen 1:1-Gläich. Union hat wuel eng gutt Ufanksphase an där och den 1:0 sollt falen. An der Suite ass vu béiden Ekippen awer näischt ze gesi gewiescht. Eenzeg Union hat der 42. Minutt eng gutt Chance op den 2:0, de Schoss vum Burcu sollt awer un d'Lat goen. Aus dem Näischt huet an der 79. Minutt de Brudder vum Said, de Malek El Mala mat sengem 1. Gol an der Bundesliga den Ausgläich fir Köln konnte markéieren. De Match sollt dann och mam 1:1 Gläich op en Enn goen.

Eintracht Frankfurt - HSV 3:1
1:0 Omari (10'), 1:1 Moffi (14'), 2:1 Onyedika (47'), 3:1 Ebnoutalib (69')

Frankfurt setzt sech mat 3:1 géint Hamburg duerch. Virun allem an der Schlussphase hätt Frankfurt nach deen een oder anere Gol mei kéinte markéieren, war virum Gol awer net effizient genuch. Opgrond vun der 2. Hallschent awer eng verdéngten Victoire. An der Tabell mëscht SGE e Sprong vun der 14 op déi 8. Plaz.

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Bundesliga

Premier League

FC Liverpool - FC Arsenal 0:1
0:1 Havertz (16')

14 Joer huet et gedauert, bis Arsenal mol nees eng Kéier an der Premier League auswäerts op der Anfield Road 3 Punkte mat heem kann huelen. De Gol vum Dag huet de Kai Havertz an der 16. Minutt markéiert. Déi beschte Chance op den Ausgläich hat de Florian Wirtz, säi Ball sollt an der 39. Minutt awer just un d'Lat goen. No enger ënnerhalsamer éischter Hallschent ass de Match an deenen zweete 45 Minutten ofgeflaacht. Liverpool war wuel beméit, huet sech awer net wierklech geféierlech Chancë konnten eraus spillen. An esou huet een de Match um Enn dann och mat 0:1 verluer. D'Gunners sinn duerch des Victoire Leader an der Tabell, dat well Manchester City e Samschdeg mat 0:1 géint Brighton verluer huet.

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Premier League

Serie A

Como 1907 - FC Venedig 1:0
1:0 Da Cunha (43')

Como huet sech géint den Tabelleleschten Venedeg schwéier gedoen. Trotz méi Ballbesëtz an der spillerescher Iwwerleeënheet war een virum Gol net konsequent genuch. An esou huet een Eelefmeter vum da Cunha an der 43. Minutt fir d'Entscheedung gesuergt. An deenen zweeten 45 Minutten sollt näischt nennenswäertes méi passéieren. D'Ekipp vum Cesc Fàbregas steet no 10. Spilldeeg op der 4. Plaz, 5 Punkten hannert dem Leader Lazio Roum, déi sech mat 2:1 géint Cagliari Calcio konnten duerchsetzen.

Lazio Roum - Cagliari Calcio 2:1
0:1 Nzola (20'), 1:1 Isaksen (36'), 2:1 Pinamonti (83')

An der 20. Minutt huet den Nzola d'Lokalekipp geschockt an d'Féierung fir Calcio markéiert. An engem relativ ausgeglachenem Match, bei deem Lazio wuel vill méi Ballbesëtz a Spillkontroll hat, hu si sech awer laang schwéier gedoen sech richteg gutt Chancen eraus ze spillen. D'Gäscht stoungen déif um eegenem Strofraum a sinn ëmmer nees geféierlech duerch Konteraktiounen ginn. Nodeems de Isaksen an der 36. Minutt de Match fir Lazio ausgläiche konnt, huet an laang dono ausgesinn wéi wann béid Ekippen mat engem Remis géifen heem goen. An der 83. Minutt sollt de Pinamonti awer dunn dach nach zouschloen a Lazio déi dräi Punkte sécheren. An der Tabell steet een 5 Punkten virum Inter op der 1. Plaz.

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Serie A

Ligue 1

Racing Stroossbuerg - AJ Auxerre 5:1
1:0 Essugo (41'), 2:0 Godo (55'), 3:0 Harder (62'), 3:1 Archer (68'), 4:1 Yassine (77'), 5:1 Yassine (85')

FC Paris - Monaco 3 :1
1:0 Sinayoko (38'), 2:0 Sinayoko (44'), 2:1 Balogun (65'), 3:1 Pagis (74')

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Ligue 1

La Liga

Racing Santander - Real Madrid 0:3
0:1 Mbappe (11'), 0:2 Bellingham (21'), 0:3 Diomande (36')

Real Madrid gewënnt de 6 Match um Stéck a huet an der Tabell deemno weider 3 Punkte Réckstand op Barcelona. De Mbappe per Eelefmeter, eng flott Aktioun vum Bellingham an der 21. Minutt an en Dramgol vum Diomande si Real e Sonndeg den Owend duergaangen, fir de Match schonn an der 1. Hallschent fréizäiteg ze entscheeden.

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO