
Der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) no kéint déi weltwäit Ëmsetzung vu sechs Gesondheets- a Klimaschutzmesuren all Joer 1,56 Millioune Mënscheliewe retten. Der WHO-Etüd no, déi e Mëttwoch - e puer Deeg virun der UN-Klimakonferenz COP31 - publizéiert gouf, sollen d'Mesuren zu enger méi gesonder Bevëlkerung, manner Zäregasemissiounen a méi zolitten Ekonomië bäidroen.
Konkreet recommandéiert d'WHO, weltwäit Warnsystemer fir Gesondheetsrisken duerch Hëtzt souwéi Systemer fir d'Drénkwaasserversuergung an d'Kläre vum Ofwaasser opzebauen, déi widderstandsfäeg géigeniwwer de schiedleche Suitte vum Klimawandel sinn. Och eng Verbesserung vun der Hygiène vun den Hänn géing der WHO no Doudesfäll evitéieren. Ausserdeem recommandéiert d'WHO e verstäerkt Notze vun de proppersten heemeschen Energiequelle wéi Solarkraaft an eng wierksam Besteierung vu klimaschiedleche fossillen Energië wéi Kuel a Pëtrol.
Déi weltwäit Ëmsetzung vun deene Mesurë kéint der Etüd no net nëmme vill Liewe retten, mä och all Joer bal 16,7 Milliarden Tonnen Zäregasemissioune spueren. Den ekonomeschen Notze vun de Mesurë chiffréiert d'WHO mat véier Billiounen Dollar (3,57 Billiounen Euro) pro Joer, ënnert anerem duerch d'Vermeide vun Doudesfäll a Katastrophen. Déi méiglech Aspuerunge fir d'Staatsbudgete géinge bei 5,44 Billiounen Dollar leien.
Bei de Prognosen, déi fir 187 Staate fir den Zäitraum 2024 bis 2075 gerechent goufen, géing een duerch d'Hëtzt-Warnsystemer mat 836 Milliounen Dollar am meeschte spueren. Déi Mesure mat am meeschte Succès wier der WHO no awer eng héich Besteierung vu fossillen Energien: Eleng duerch dës kéinten der Etüd no 1,2 Milliounen Doudesfäll pro Joer verhënnert a grouss Quantitéiten un Zäregasemissiounen evitéiert ginn.
"D'Welt muss Léisungen identifizéieren, prioriséieren an ëmsetzen, déi dozou bäidroen, de Verloscht vu Mënscheliewen ze verhënneren a Communautéite viru klimabedéngte Schied ze schützen", esou de WHO-Generaldirekter Tedros Adhanom Ghebreyesus am Rapport. Et géing scho "Léisunge" ginn, déi weltwäit ëmgesat kéinte ginn. Dës géingen eng "aussergewéinlech Chance" bidden. Der WHO no kéinte Länner mat niddregem oder mëttlerem Akommes de gréissten Notzen aus de proposéierte Mesuren zéien.
Obwuel eng ganz Rei Donnéeën an der Etüd net berécksiichtegt goufen, verséchert d'WHO, datt hir Prognose weise géingen, "datt Investissementer a bewäert Klima- a Gesondheetsmesurë" wäertvoll Virdeeler brénge kéinten.