
Honnerte Kilometer iwwert der Äerd vun US-Bierger hir Stëmm fir d'Midterms ofginn. Allen dräi US-amerikanesch Memberen, déi aktuell op der internationaler Raumstatioun ISS sinn, hunn elektronesch gewielt an hire Stëmmziedel sécher un d'Autoritéiten op d'Äerd geschéckt, sou den Astronaut Anil Menon op de soziale Medien.
NASA-Astronaute kënnen zanter 1997 aus dem All un US-Walen deelhuelen. Den David Wolf war deemools deen éischten Amerikaner, dee seng Stëmm vun der Raumstatioun Mir ofginn hat. D'Ënnerlage gi verschlësselt iwwermëttelt mat Hëllef vum "Space Communication and Navigation"-System. D'NASA leet de Stëmmziedel vun New Mexico aus un de Mission Control Center am Johnson Space Center weider. Vun do geet et duerno weider un déi zoustänneg Beamte vun de jeeweilege Bezierker fir d'Auszielung.