Gespaant gëtt an der Nuecht op e Mëttwoch a Richtung USA gekuckt. Bei de Midterms ginn d'Representantenhaus an en Drëttel vum Senat nei gewielt. Och wann den US-President selwer net zur Wal steet, gëllen d'Tëschewalen als Stëmmungsbarometer fir dem Donald Trump seng Politik.
D'Midterms sinn déi éischt grouss landeswäit Ofstëmmung zanter dem Donald Trump sengem Retour an d'Wäisst Haus. D'Resultater wäerten deemno weisen, wéi d'Amerikaner seng Politik no bal zwee Joer bewäerten. Gläichzäiteg sinn d'Walen och e wichtegen Indice mat Bléck op d'Presidentschaftswalen 2028.
All 435 Sëtz am Representantenhaus a 35 Sëtz am Senat ginn nei besat. Enger ganzer Partie Ëmfroen no stinn d'Chancë vun den Demokrate gutt, eng Majoritéit am Representantenhaus zréckzegewannen. D'Fro ass virun allem, wéi däitlech dëse Gewënn kéint ausfalen.
Am Senat dierft et fir d'Demokrate méi schwiereg ginn. Hei ass d'Warscheinlechkeet grouss, datt d'Republikaner hir Majoritéit verdeedege kënnen. Sollten d'Demokrate mindestens eng Chamber iwwerhuelen, kéint dat déi politesch Agenda vum President Trump däitlech bremsen.
Besonnesch spannend dierft et a Staaten ewéi Texas, Ohio, Maine a Michigan ginn, wou verschidde Resultater enk ausfale kéinten. Éischt Tendenze ginn am Laf vun der Nuecht erwaart. Déi amerikanesch Televisiounschaînë wäerten am Laf vum Dënschdegowend awer schonn éischt Prognosen opstellen an deelweis och Walgewënner ausruffen.
Dacks heescht et awer "too close to call", da sinn d'Resultater ze enk, fir ee klore Vainqueur ze nennen, an dann dauert et heiansdo e puer Deeg, bis kloer ass, wie wierklech vir läit.