"Mir wäerten den Trump ëmbréngen"Riseg Panneauen zu Teheran schwieren dem US-President den Doud

AFP, iwwersat vun RTL
Ënnert anerem gehäit den Iran dem Donald Trump vir, wärend dem Krich am Land express zivil Infrastrukturen an d'Viséier geholl ze hunn.
© ATTA KENARE/AFP
"Mir wäerten den Trump ëmbréngen"
Riseg Panneauen zu Teheran schwieren dem US-President den Doud.

An der iranescher Haaptstad Teheran sinn zënter en Dënschdeg eng riseg Reklamm a Banneren ze gesinn, op deene geschwuer gëtt, den US-President Donald Trump wëllen ëmzebréngen. Domadder klëmmt déi offiziell Rhetorik am Iran kloer op eng nei Stuf.

"Mir wäerten den Trump ëmbréngen" steet um risege Plakat, dat op der beliefter Enghelab-Plaz zu Teheran net z'iwwersinn ass. Am Hannergrond da gesäit een den US-President hannert Gitteren, respektiv an enger Prisongszell.

Eng weider grouss Reklamm an der Géigend weist den Donald Trump zesumme mam US-Vizepresident J.D. Vance, dem Spezialbeoptraagte Steve Witkoff an dem israeelesche Premier Benjamin Natanjahu mat bluttverschierte Gesiichter a futtisse Kostümer. Hannert hinnen dann déi ofgenotzen israeelesch an US-amerikanesch Fändelen.

Dosende Leit hu sech op der Plaz versammelt, hate rout Fändelen a Schëlder mat der Opschrëft: "Et wäert Blutt fléissen" dropgeschriwwen dobäi. Vill fuerderen eng Revanche fir den Ayatollah Ali Khamenei, dee jo am Ufank vum Iran-Krich vun den USA ëmbruecht gouf.

Ënnert anerem gehäit den Iran dem Donald Trump vir, wärend dem Krich am Land express zivil Infrastrukturen an d'Viséier geholl ze hunn, dorënner eng Schoul an en Hochzäitsfest, woubäi Dosende Leit, dorënner Fraen a Kanner ëm d'Liewe komm sinn.

Grouss Panneaue mat Reklammen a Molereien u Maueren déi vum Staat gesponsert ginn, gehéieren zënter der Islamescher Revolutioun am Joer 1979 zum feste Bestanddeel vum ëffentleche Raum am Iran. Dës Elementer gi genotzt, fir Alliéierter ze éieren, d'Militär ze feieren a fir politesch Messagen u Géigner, besonnesch un d'USA an Israel ze schécken.

Back to Top
CIM LOGO