
Zu engem trageschen Accident koum et en Dënschdeg de Moien am Nepal, direkt an der Regioun vum Mount Everest. Zwee Helikoptere sinn hei kuerz virun der Landung matenee kolidéiert. Kuerz drop si béid Maschinnen op de Buedem gefall. Eng Persoun ass dobäi ëm d’Liewe komm.
Den Autoritéiten no soll et sech bei den Helikopteren ëm Maschinne vun der Fishtail Air, respektiv der Air Dynasty gehandelt hunn. Geschitt ass d’Accident op der Lande-Plaz “Pheriche” am Bezierk Solukhumbu.
E 47 Joer ale Mann aus Indien ass nach op der Plaz u senge Blessure gestuerwen, sou d’Police aus der Regioun. En 53 Joer ale Mann aus Neiséiland koum blesséiert an d’Spidol an d’Haaptstad Kathmandu, och déi zwee Pilote goufe blesséiert a goufe medezinesch betreit.