
D'Bundespolizei vun Tréier huet e Méindeg de Mëtteg en 38 Joer alen Ukrainer an der Stad Tréier festgeholl. Géint de Mann louch e Mandat d'Arrêt säitens Interpol vir. Wéi et den däitschen Autoritéiten no heescht, ass de Mann an engem Reesbus onerlaabt vu Lëtzebuerg aus an Däitschland agereest.
De Mann gouf wéi gesot festgeholl a soll och ausgeliwwert ginn, dat wéinst dem Verdacht vun enger schwéierer Kierperverletzung, déi hie mat enger Schosswaff soll verursaacht hunn.
Nodeems hie beim Untersuchungsriichter passéiert war, koum hien an e Prisong an der Géigend. Interpol huet seng Ausliwwerung ugefrot.