No Mord un Tréierer Student am JuliTäter wier Parquet no net scholdfäeg, Placement a Psychiatrie ugefrot

Carine Lemmer
Zu Tréier gouf am Juli e Student op oppener Strooss erstach an ass gestuerwen. De Parquet vun Tréier huet elo matgedeelt, datt gefrot gouf, datt de presuméierten Täter an eng Psychiatrie misst kommen an net scholdfäeg ass.
Op dëser Plaz zu Tréier war den 22 Joer ale Student am Juli erstach ginn.
© Jeannot Ries

Den 22 Joer ale Mann aus dem Afghanistan war psychesch krank a schizophreen. Hien hat Wanvirstellungen, Verfollegungswan an hätt säi Verhalen net kënne steieren. De 15. Juli wär hie moies um 10 Auer um Trottoir an der Robert-Schuman-Allee ënnerwee gewiescht. E jonke Student vun 22 Joer, deen zoufälleg vum Akafe koum, war him entgéint komm.

Déi Zwee hu sech net kannt. Den Täter huet sech verfollegt gefillt. Hien hätt de Student op d'Strooss gestouss an en e puer Mol mat engem grousse Kichemesser, dat e bei sech hat, an den Uewerkierper gepickt. Hien hätt en an d'Häerz getraff, sou den Tréierer Parquet. De Student ass kuerz Zäit drop am Spidol gestuerwen. De Beschëllegten huet d'Messer um Tatort leie gelooss an huet sech op den Trottoir viru seng Wunneng gesat, wou d'Police hie kuerz Zäit drop fonnt huet.

De Mann kéint wéi gesot net ugeklot ginn, well e scholdonfäeg wier. An enger ëffentlecher Sëtzung um Geriicht muss déi Demande vum Parquet awer nach ugeholl ginn. De Beschëllegten ass den Ament schonn an enger zouener Psychiatrie.

De Communiqué vum Tréierer Parquet fannt Dir hei.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO