Aggressioun a Schoul zu NiceAusgewise Fra war Autoritéite bekannt wéinst islamistescher Radikalisatioun

RTL mat AFP
Nodeems eng Fra e Méindeg d'Direktesch an eng Léierin vun enger Schoul zu Nice bedreet hat, bleiwen hir Grënn onkloer. Si ass den Autoritéiten awer bekannt a war ënnert anerem ausgewise ginn.
An enger Schoul zu Nice huet eng Fra, déi den Autoritéite bekannt ass, d'Direktesch an eng Léierin geschloen a bedreet.
An enger Schoul zu Nice huet eng Fra, déi den Autoritéite bekannt ass, d'Direktesch an eng Léierin geschloen a bedreet.
© VALERY HACHE/AFP

E Méindeg hat eng Fra an enger Schoul zu Nice d'Direktesch an eng Léierin agresséiert a mat enger Waff bedreet. Firwat d'Mamm vun zwee Kanner, déi do scolariséiert sinn, d'Personal ugegraff huet, ass weider onkloer. Den Unterrecht ass en Dënschdeg normal weidergefouert ginn an der École Clément Roassal. Mëttlerweil dauchen ëmmer méi Detailer zur Persoun op.

Déi 36 Joer al Fra, déi nach ëmmer am Garde à vue sëtzt, huet déi tuneesesch an déi italieenesch Nationalitéit, sou de Laurent Nuñez. Dem franséischen Inneminister no war d'Fra 2019 dem Land verwisen an zréck an Tunesien bruecht ginn, nodeems si Polizisten agresséiert hat. 2023 wier si dunn erëm a Frankräich interpelléiert ginn. Si wier nach ëmmer ënner "interdiction administrative de territoire" gewiescht, hätt awer vun enger Rei Protektioune profitéiert, well si Mamm vun engem franséische Kand wier, sou de Nuñez weider.

Keng reliéis Motiver genannt

Donieft ass d'Fra den Autoritéite bekannt wéinst islamistescher Radikalisatioun. Si wier am Fichier notéiert, an deem Radikalisatioune mat terroristeschem Charakter (FSPRT) festgehale ginn. De Procureur vun Nice Damien Martinelli huet keng reliéis Motiver wärend der Aggressioun erwäänt, d'Fra hätt sexuell Aggressioune géint eent vun hire Kanner genannt.

D'Fra war e Méindeg de Moien an d'Schoul komm an hat en urgent Gespréich mat der Direktesch gefrot. Arméiert mat engem Messer an enger Waff wier si méi wéi eng Stonn laang am Büro vun der Direktesch bliwwen an hätt dës, grad esou wéi eng Léierin, déi laanscht de Büro gaange war, geschloen, sou de Procureur. D'Waff wier eng Attrapp gewiescht, sot de Laurent Nuñez en Dënschdeg.

D'Fra war no hirer Dot iwwer d'Biller vun Iwwerwaachungskamerae retracéiert a bei sech doheem festgeholl ginn. Eng Enquête wéinst versichtem Mord un enger Persoun am ëffentlechen Déngscht ass vun der Police judiciaire vun Nice opgemaach ginn. An de leschte Woche sinn an zwee Fäll Elterendeeler zu Prisongsstrofe verurteelt ginn, nodeems si zu Toulouse an zu Bordeaux Enseignante mam Doud gedreet haten.

Back to Top
CIM LOGO