
D'Parlament a Grönland huet dat am September mat den USA an Dänemark ënnerschriwwent Sécherheetsofkommes ratifizéiert. Bei der Ofstëmmung am sougenannten Inatsisartut hunn en Dënschdeg 16 Deputéiert dofir gestëmmt, siwen hu sech enthalen. Dat dänescht Parlament soll d'Ofkommes den 19. November ratifizéieren.
Wärend de Berodungen am Parlament huet d'Oppositioun, besonnesch déi nationalistesch Partei Naleraq, kritiséiert, dass et am Ofkommes keng Virdeeler fir Grönland géing ginn. D'Partei, déi sech am stäerkste fir eng séier Onofhängegkeet vu Kopenhagen asetzt, fuerdert finanziell Aidë vun den USA a beklot, dass de Pabeier den nationalen Entreprisen net genuch wirtschaftlech Virdeeler garantéiert.
Dat 10 Säite laangt Ofkommes erkennt d'Souveränitéit an déi territorial Integritéit vun Dänemark un, grad esou wéi d'Recht vun de Grönlänner, iwwer sech selwer dierfen ze bestëmmen. D'USA dierfen zwou weider Militärbasë am Osten an am Süde bauen. Den US-Stëtzpunkt am Nordwesten, deen et zanter 1951 gëtt, wäert dierfen ausgebaut a moderniséiert ginn.
Grönland gehéiert als autonoomt Gebitt zum EU- an NATO-Land Dänemark. Den Donald Trump hat wärend Méint domat gedreet, d'Insel z'annektéieren. Hien hat seng Uspréch domat begrënnt, dass d'USA Sécherheetsinteressien an der Arktis hätten. D'Ofkommes schléisst elo konkret Staaten an Investoren aus Länner, déi net zur NATO oder der EU gehéieren, vu strateegesch wichtege Secteuren op Grönland aus.