Aschränkung vu Pressefräiheet gefaartDausende protestéiere géint Medien-Reform vun tschechescher Regierung

RTL mat AFP
Op en Neits sinn an Tschechien Dausende vu Leit op d'Strooss gaangen, fir géint d'Aféiere vun engem neie Finanzéierungssystem fir déi ëffentlech-rechtlech Medien ze protestéieren.
Déi wäiss Hitt aus Pabeier sinn zum Symbol vun de Protester ginn.
Déi wäiss Hitt aus Pabeier sinn zum Symbol vun de Protester ginn.
© MICHAL CIZEK/AFP

An Tschechien hunn erëm Dausende vu Leit géint d'Aféiere vun engem neie Finanzsystem fir déi ëffentlech-rechtlech Medien an eng doduerch méiglech Aschränkung vun der Pressefräiheet demonstréiert. Dausende Mataarbechter vun den Ëffentlech-Rechtleche sinn en Dënschdeg ausserdeem an de Streik gaangen, fir géint de Plang vum rietspopulistesche Premier Andrej Babis senger ANO-Partei ze protestéieren. Radio an Tëlee hunn doropshin an Tschechien hir Programmer mussen aschränken, Moderatoren an Animateuren hu schwaarz Kostümer ugehat. Zum Deel si Widderhuelunge gesent ginn.

Employéë vun de Medienhaiser sinn op eng zentral Plaz zu Prag marschéiert, wou si sech mat Studenten an aneren Demonstranten zesummegeschloss hunn. Vill vun hinnen hate wäiss dräieckeg Hitt un, déi enger beléifter Zeechentrickfigur änelen an zum Symbol vun de Protester gi sinn. Enn Oktober hat déi tschechesch Chamber dat ëmstriddent Gesetz an enger éischter séierer Liesung ofgeseent gehat. D'Virlag muss elo nach duerch de Senat, éiert se dem Staatschef zur Ënnerschrëft ka virgeluecht ginn.

Amplaz iwwer Taxe vun de Bierger solle sech den ëffentlech-rechtleche Radio an d'Tëlee an Zukunft duerch direkt staatlech Hëllefe finanzéieren. D'Budgeten dierften domat d'nächst Joer ëm 15 Prozent zréckgoen. D'Regierung verlaangt vun de Senderen Aspuerungen a verséchert gläichzäiteg awer, dass den neie Finanzéierungsmodell déi redaktionell Onofhängegkeet an d'Contenue vun de Programmen net géing beanträchtegen.

Back to Top
CIM LOGO