Déifställ an Onsécherheet an der StadGeschäftsleit warne sech elo iwwer WhatsApp

Philippe Dondelinger
E séiere Grëff an d’Regal an da fort, ouni ze bezuelen. Fir verschidde Geschäftsleit an der Stad Lëtzebuerg ass dat keng Ausnam méi.
Déifställ an Onsécherheet an der Stad: Geschäftsleit warne sech iwwer WhatsApp
E séiere Grëff an d’Regal an da fort, ouni ze bezuelen. Fir verschidde Geschäftsleit an der Stad Lëtzebuerg ass dat keng Ausnam méi.

Déifställ, Vandalismus an d'Angscht viru Konflikter gehéieren zu de Suergen am Alldag. Elo hëllefe sech eng Rei Geschäftsleit géigesäiteg – mat enger WhatsApp-Grupp.

E Geschäft féieren - an ëmmer en A op d'Dier hunn

Eigentlech wëlle si just hir Aarbecht maachen, Clientë beroden an hir Wuere verkafen. Ma fir verschidde Geschäftsleit an der Haaptstad gehéiert nach eppes anescht zum Alldag: oppassen, wien erakënnt, wat an de Regaler geschitt an ob och alles bezuelt gëtt.

Well net jiddereen, deen an e Geschäft kënnt, huet och wëlles, eppes ze kafen. Heiansdo verschwannen Artikelen, ouni datt d'Personal et direkt bemierkt. An anere Fäll ginn d'Déifställ eréischt duerch d'Iwwerwaachungskameraen entdeckt. Dat kascht net nëmme Suen, mä och Nerven. An et stellt sech fir vill Betraffener d'Fro: Wéi soll ee reagéieren, wann een een op frëscher Dot erwëscht?

Eng Noriicht, eng Foto - an déi aner si gewarnt

Well si sech net méi eleng gelooss wëlle fillen, hunn eng Rei Geschäftsleit eng eegen Initiativ gestart. Iwwer WhatsApp sti si a Kontakt a warne sech géigesäiteg, wa verdächteg Persounen oder Situatiounen opfalen. Eng Noriicht geet eraus, heiansdo och eng Foto, an déi aner Geschäfter wëssen direkt Bescheed.

Wat am éischte Moment no enger einfacher an effikasser Léisung kléngt, ass awer net ganz ouni Problemer. Besonnesch d'Deele vu Fotoe vu verdächtege Persoune kann aus Dateschutzgrënn problematesch sinn. Fir d'Geschäftsleit steet awer virun allem eppes am Vierdergrond: Si wëlle sech géigesäiteg ënnerstëtzen an net waarden, bis et ze spéit ass.

Wann aus engem Déifstall méi gëtt wéi just e finanzielle Schued

Eng geklaute Jackett, e Parfum oder en aneren Artikel – op den éischte Bléck geet et ëm de Wäert vun enger Wuer. Ma fir d'Betraffener ass et dacks méi wéi dat. Et ass d'Gefill, ëmmer oppassen ze mussen. D'Ongewëssheet, ob eng Situatioun eskaléiert. An d'Fro, wéi ee seng Mataarbechter an och seng Clientë ka schützen.

Dobäi kënnt, datt hannert engem Déifstall ganz ënnerschiddlech Realitéite stieche kënnen. Nieft geziiltem Klaue kënnen och Aarmut, Ofhängegkeeten oder aner sozial Problemer eng Roll spillen.

Wéi sécher ass eis Haaptstad wierklech?

D'Sécherheet an der Stad Lëtzebuerg ass zanter Joren en Thema, dat ëmmer nees fir Diskussioune suergt. Ma tëscht de Kriminalitéitszuelen an deem, wat d'Leit am Alldag erliewen, gëtt et en Ënnerscheed. Fir déi eng ass d'Stad weiderhin eng Plaz, wou ee sech ouni Problemer beweege kann. Anerer erzielen, datt si méi virsiichteg gi sinn an hir Gewunnechten ugepasst hunn.

Wéi grouss ass de Problem tatsächlech? A wat bréngt et, wann d'Geschäftsleit sech selwer organiséieren? Mir waren an der Stad Lëtzebuerg ënnerwee, hu mat Geschäftsleit geschwat an nogefrot, wat si erliewen, wéi si sech schützen a wat si sech fir d'Zukunft wënschen.

Back to Top
CIM LOGO