
En Dënschdeg de Mëtteg géint 12:30 Auer sinn op der A13 tëscht Altwis a Fréiseng dräi Autoen uneneegeroden. Zwou Persounen hunn dovunner Blessure gedroen. Pompjeeë vu Fréiseng, Munneref a Réimech, souwéi Ambulanzen vun Diddeleng a Réimech waren op der Plaz.
Knapps zwou Stonne méi spéit, um 15:20 Auer huet et dann nees op de Stroosse gerabbelt. Op der A1 tëscht dem Tunnel Cents an dem Rond-Point Iergäertchen ass et zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoen komm. Rettungsekippen aus der Stad hu sech em ee Blesséierten gekëmmert.