Prestatioune facturéiert, awer net geleescht Gesondheetsministesch reagéiert op Reprochë géint Prestatairen an der Fleeg

Sascha Georges
Michèle Sinner
D'Presidentin vun der ASBL "ZEFI - Zesumme fir Inklusioun" Martine Kirsch huet am RTL-Interview Reprochë géint Prestatairë vu Fleegedéngschter erhuewen.
D'Gesondheetsministesch Martine Deprez
D'Gesondheetsministesch Martine Deprez
© Domingos Oliveira

Leit, déi am Alldag e Familljemember oder eng Persoun aus hirem Ëmfeld betreien, kommen dacks un hir Grenzen a fille sech eleng gelooss.

Déi Kritik koum vun der Invitée vun der Redaktioun en Dënschdeg de Moien, der Martine Kirsch, Presidentin vun der ASBL "ZEFI - Zesumme fir Inklusioun". Si fuerdert en offizielle Statut fir déi sougenannte "proches aidants". Si huet ausserdeem behaapt, datt Betreiungspersonal vu Prestatairen deels ze spéit oder guer net géif kommen, d'Prestatiounen awer trotzdeem facturéiert géifen.

D'Gesondheetsministesch Martine Deprez huet op RTL-Nofro hin op dës Reprochë reagéiert:

"Mir hunn déi Virwërf héieren. Fir eis ass kloer: wat verrechent gëtt, muss och wierklech gemaach ginn. D'Leit sollen déi Hëllef kréien, op déi se Usproch hunn. Dat gëtt och an engem Plan de prise en charge fixéiert. Dee läit de Leit och vir. A wann déi Leeschtungen net erbruecht ginn, déi sollen erbruecht ginn, da muss dat direkt gemellt ginn. Mir wäerten deen dote Fall ganz eescht huelen. An gegebenefalls Récksprooch mat der Madame huelen, fir deem Fall op de Fong ze goen."

D'Martine Deprez reagéiert op d'Virwërf géint d'Prestatairen

Et géifen och reegelméisseg Kontrolle gemaach ginn, sou d'Martine Deprez. Dobäi wiere bis ewell keng gréisser Probleemer opgefall.

Back to Top
CIM LOGO