Portrait vum Ken SchmitzAus der 3. Divisioun bis an d'BGL Ligue

Sam Rickal
Am Summer ass de Ken Schmitz vu Miersch aus der Éierepromotioun bei d'Jeunesse Esch an déi iewescht Divisioun gewiesselt. A senger Karriär huet hien awer och an all den ënneschten Divisioune gespillt.
Portrait vum Ken Schmitz
De 26 Joer ale Stiermer vun der Jeunesse Esch huet vun der 3. Divisioun bis BGL Ligue an all Divisioun gespillt.

Iwwer 50 Kilometer huet de Ken Schmitz aus sengem Heemechtsduerf Chrëschtnech bis op déi Escher Grenz ze fueren. Säi fussballeresche Wee an d’BGL Ligue war awer däitlech méi wäit. Aus der drëtter Divisioun huet hie sech ëmmer méi wäit eropgeschafft. Um Enn war d’Jeunesse fir hien e logesche Choix.

Ken Schmitz – Jeunesse Esch: "Ech war als Bouf vill zu Esch, meng Elteren hate Kolleegen hei. Ech verbanne mam Veräin immens vill, virun allem d'Traditioun an en immense Stolz, hei ze spillen. Wéi d'Jeunesse ugeruff huet, huet dat mech immens geéiert. A Kombinatioun mam Projet, dee se viru Joren hei ugefaangen hu mam Trainer Reinhold Breu, war et fir mech och de perfekte Projet. Ech wollt an d'BGL Ligue."

Reinhold Breu – Trainer Jeunesse Esch: "Ich kenne den Ken Schmitz schon länger, ich habe ihn so genau aber nicht auf dem Schirm gehabt. Es wurde mir mal immer wieder gesagt: „Da ist ein Luxemburger Junge, der Tore machen kann." In Mersch ist er schon in der Ehrenpromotion durchgestartet und hat aus wenig viele Tore gemacht. Er ist natürlich ein super sympathischer junger Mann, der auch genau – und das ist auch wichtig – zu mir passt, weil ich diese Typen mag. Im Gespräch war auch schnell klar, dass er unbedingt kommen will."

Iwwer Chrëschtnech an der 2. an 3 Divisioun, Baastenduerf an der 1. Divisioun, sou wéi Miersch an Ierpeldeng an der Éierepromotioun huet dem Ken Schmitz säi Wee hien an d’BGL Ligue gefouert. An all den Divisiounen hat hien impressionant Statistiken opzeweisen. Beispillsweis huet den elo 26 Joer ale Stiermer och virun annerhallwem Joer an der Coupe fir Baastenduerf géint Diddeleng markéiert. Fir Miersch huet hien d'lescht Saison 19 Goler an der Éierepromotioun geschoss. Seng Upassungsfäegkeet an deen eenzelen Divisioune stécht eraus, woubäi et awer Ënnerscheeder gëtt.

Ken Schmitz – Jeunesse Esch: "Virun allem de Sprong aus der éischter Divisioun an d'Éierepromotioun ass schonn e groussen, virun allem wat d'Physis ugeet. Vun der Éierepromotioun an d'BGL Ligue geet et virun allem ëm den taktesche Volet, et geet alles vill méi séier. D'Decisiounen, déi een hëlt, musse vill méi séier geholl ginn. En fin de compte ass et awer ëmmer nëmme Futtball. Et muss ee sech just bewosst sinn, wann ee vun ënnen erop wiesselt, datt een dann eng Grëtz méi schafft, wéi all déi aner dee Moment, an datt een och bereet ass, déi Zäit ze investéieren an och op déi lauschtert, déi deen Niveau scho kennen."

Reinhold Breu – Trainer Jeunesse Esch: "Er will lernen. Das heißt, montags in der Früh um 6.45 Uhr bekomme ich eine Nachricht: "Trainer, ich brauche ein Feedback. Wie war mein Spiel?" Er ist wissbegierig. Das Hauptplus bei ihm ist: Er weiß, wo das Tor steht. Er hat was, was man oft sucht. Er hat so eine Torjäger-Qualität. Jetzt müssen wir nur hinbekommen, dass er es schafft, über 20 Tore zu machen. Wir sind auf einem guten Weg."

8 Goler a 4 Virlage stinn no 12 Spilldeeg dës Saison an de Statistiken. Mat der Jeunesse an dem Trainer Reinhold Breu wëll de Ken Schmitz seng Prestatioune confirméieren, wa méiglech eng roueg Saison spillen an awer de Maximum eraushuelen. Nom Patrick Macedo ass de gebiertege Chrëschtnecher den zweetbeschte Lëtzebuerger Buteur am Championnat. Der Nationalekipp feelt et aktuell och opgrond vu Blessuren u Spiller, déi Goler schéissen. Mee och bei dësem Thema wëll de Ken Schmitz, wéi schonn a senger ganzer Karriär bis elo, step by step weiderfueren.

Ken Schmitz – Jeunesse Esch: "Als Lëtzebuerger Stiermer ass et aktuell normal, datt ee sech mat deem Thema beschäftegt. Ech loossen alles op mech duerkommen, wat kënnt. Ech géif léien, wann ech géing soen, et géif mech net immens éieren. Ech mengen, fir eist Land eng Kéier ze spillen, dat ass natierlech en Dram, deen all Lëtzebuerger soll hunn. Wann dat op mech duerkënnt, dann huelen ech dat ganz gären un. Mee ech konzentréiere mech aktuell virun allem op d'Jeunesse, an datt mer de Veräin no vir bréngen. Alles wat kënnt, huelen ech mat."

E Samschdeg gouf et fir déi Escher Jeunesse an de Ken Schmitz zwar eng 0:3-Defaite doheem géint den FC Déifferdeng 03 an awer däerf ee gespaant sinn, wou dem 26 Joer ale Stiermer säi Wee hien nach hiféiere wäert.

Back to Top
CIM LOGO