
Den FC Déifferdeng 03 huet en Dënschdeg de Successeur vum Pedro Resende annoncéiert. Den Toninho Marques, deen zanter dem Summer als Co-Trainer beim FCD03 aktiv war, iwwerhëlt vun elo un d’Responsabilitéit op der Trainerbänk. Als Spiller war de 44 Joer ale Marques ënner anerem bei der US Esch an der Union Titus Péiteng aktiv.
Assistéiert gëtt hie vum fréieren Déifferdenger Spiller Gianluca Bei, dee seng Futtballschong am Summer nom Coupe-Gewënn d’lescht Saison un den Nol gehaangen huet. Komplettéiert gëtt den Déifferdenger Trainerstaff vum Joao Martins.
E Sonndeg spillt den FCD03 am 3. Tuer auswäerts zu Biissen. De Pedro Resende gouf e Méindeg als Trainer vu Virton virgestallt.