
Nom Ofstig aus der Liga B goufen en Dënschdeg zu Nyon an der Schwäiz d'Géigner vun der Lëtzebuerger Damme-Futtballnationalekipp fir déi nei Nations-League-Campagne ausgeloust. An der Liga C kréien et d'Rout Léiwinnen am Grupp 4 mat Bosnien-Herzegowina, Estland a San Marino ze dinn.
D'Matcher sinn tëscht Februar a Juni d'nächst Joer programméiert. Den detailléierte Spillplang gouf nach net annoncéiert.