Zweet spuenesch LigaFuttballspiller no uerger Kollisioun mat géignereschem Golkipp gestuerwen

RTL mat AFP
De Jesus de Miguel vum spueneschen Zweetligist CD Teneriffa war de Weekend uerg vum géigneresche Golkipp getraff ginn. En Dënschdeg huet de Veräi säin Doud annoncéiert.
Kuerz viru Schluss vum Match tëscht Teneriffa an Andorra ass et zu der uerger Kollisioun um Terrain komm.
© Val Wagner (Archiv)

De Jesus de Miguel, Stiermer vum spueneschen Zweetligist CD Teneriffa, ass un de Suitte vu senge Blessure gestuerwen, déi hie sech bei enger uerger Kollisioun mam Golkipp vum FC Andorra de leschte Weekend zougezunn hat.

"Mir annoncéieren den trageschen Doud vum Jesus de Miguel Alameda en Dënschdeg, den 3. November 2026, um 8:00 Auer", huet Teneriffa an enger Stellungnam geschriwwen. "Keng Wierder kënnen d'Péng verréngeren. Eis Gedanke si bei der Famill, senge Frënn an de Fans vun Teneriffa, déi haut iwwert dës schrecklech Nouvelle traueren."

Den 30 Joer alen De Miguel gouf an der Mëtt vum Terrain vum äquatorialguineeëschen Nationalgolkipp Jesus Owono getraff, deen aus sengem Gol erausgestiermt war a säi Géigespiller mat héich ausgestrecktem Knéi getraff huet. De Virfall war an der Schlussphas vum Match geschitt, sou datt en doropshin ofgebrach gouf. Wéi déi spuenesch Medie schreiwen, hätt den De Miguel um Wee an d'Spidol en Häerzstëllstand krut, konnt zwar reaniméiert ginn, ass méi spéit dann awer senge Blessuren erleeën.

Back to Top
CIM LOGO