
De fréiere President vum FC Metz, de Carlo Molinari, ass e Mëttwoch am Alter vun 93 Joer gestuerwen. Dat huet de Veräin aus der franséischer Lorraine an engem Communiqué matgedeelt.
1967 huet Carlo Molinari de Presidenteposten fir déi éischte Kéier iwwerholl, nodeems hie schonn als Bouf fir d'Jugendekippe vun de "Grenats" gespillt hat. 1978 ass hien als President zeréckgetrueden, 2 Joer drop huet hien dëse Posten awer nees iwwerholl.
Et war den Ufank vun enger erfollegräicher Zäit fir den FC Metz. Ënner anerem huet de franséischen Traditiounsveräin 1984 fir déi éischte Kéier an der Veräinsgeschichte d'Coupe de France gewonnen. Donieft koum den FC Metz 1998 punktgläich mam Champion Lens op déi 2. Plaz am Championnat. Déi besser Goldifferenz hat um Enn den Ënnerscheet fir Lens gemaach.
Am Joer 2009 huet de Carlo Molinari d'Responsabilitéit weider un den aktuelle Metzer President Bernard Serin ginn. Zesummerechent stoung de Molinari 34 Joer un der Spëtzt vum FC Metz.