CGDIS-Ekippen am AsazEng Camionnette huet zu Walfer gebrannt, ee Camion um Sennengerbierg

RTL Lëtzebuerg
D'Ekippe vum CGDIS goufe vun en Dënschdeg op e Mëttwoch op dräi Asätz wéinst Bränn geruff. An zwee Fäll hu Gefierer gebrannt.

Een éischten Asaz gouf et deemno géint 20:50 Auer fir d'Pompjeeë vu Biissen. Hei hat an der Strooss "Op der Poukewiss" eng Sécherungskëscht gebrannt.

Géint 21:59 Auer waren d'Pompjeeën aus der Stad, vum Findel a vum Zenter Nidderaanwen-Schëtter op de Sennengerbierg geruff ginn, well hei e Camion Feier gefaangen hat.

An der Nuecht géint 2:43 Auer waren d'Pompjeeë vum Zenter Steesel-Walfer wéinst enger Camionnette a Brand op Walfer an d'Rue de la Gare geruff ginn.

An alle Fäll blouf et beim Materialschued an et gouf kee blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO