Op der PompelPräisbaissë bei 95er, 98er an Diesel

RTL Lëtzebuerg
D'Tanke gëtt e gudde Krack manner deier.
© pixabay

E Mëttwoch um Hallefnuecht falen d'Präisser bei alleguer de Sprit-Zorten.

De 95er-Bensinn gëtt 8,1 Cent méi bëlleg a kascht vun e Mëttwoch un 1,678 Euro de Liter.

Beim 98er ass et eng Baisse vu 6,4 Cent op 1,835 Euro de Liter.

Beim Diesel geet de Präis ëm 7,1 Cent op 2,038 Euro de Liter erof.

Och de Masutt 10 ppm gëtt méi bëlleg, ëm 7,2 Cent, sou dass de Liter vun e Mëttwoch un 1,529 Euro kascht.

© RTL Grafik

D'Pëtrolspräisser am Iwwerbléck.

Back to Top
CIM LOGO