An eisem Automag dréit sech nees alles em een neien Elektro-SUV, deen op de Maart kënnt. Polestar bréngt nämlech de 4 an enger anerer Karosserie eraus. Deen éischte Modell bleift awer och nach an der Gamme. De Rich Simon huet den neien Polestar 4 fir eis getest. Ass deen Neien da komplett nei?
Nee komplett nei ass den Auto net. Bis elo gouf et de Polestar 4 als SUV Coupé. Elo ass et dann deen zweete Modell, dee presentéiert gouf, an dat ass da keen Coupé méi, mee ee ganz normalen SUV. Dat bedeit ënnert anerem, datt den Daach beim neie Model vill méi riicht ass wéi dat beim Coupé de Fall ass.

Eng grouss Ännerung tëscht deenen zwee Autoen ass, datt elo eng ganz normal Heckscheif dran ass. Déi gouf, respektiv gëtt et net, bei der Coupé-Versioun. Do kuckt een iwwer eng Kamera hannen eraus. Déi Spillerei huet bei der Presentatioun vum Coupé fir vill Gespréichsstoff gesuergt. Beim neien Polestar 4 SUV kann ee sech déi Spillerei awer nach als Optioun huelen.
Du hues de méi riichten Daach schonns ugeschwat. Wat fir eng Virdeeler bréngt dee da konkret mat sech?
Engersäits huet ee méi Kappfräiheet. Ganzer 2,5 Zentimeter, dat ass net näischt. D'Mall, déi beim Coupé schonns gutt 526 Liter huet, geet elo beim neie Modell op 655 Liter erop. Anersäits bréngt de riichten Daach awer och de Virdeel mat sech, datt een elo zum Beispill Daachschinne montéieren kann. Bis 100 Kilo kann een op den Daach tässelen, wann ee mam Auto fiert. Respektiv 300 Kilo wann een net domadder fiert.


Esou ganz verstinn ech den Ënnerscheed elo net....
Da geet et dir genee esou wéi et mir gaangen ass. Polestar huet awer mat engem praktesche Beispill dorobber geäntwert. Du kanns zum Beispill een Daachzelt bis zu 100 Kilo drop installéieren a mam Auto fueren. Wann s de dann um Camping ukomm bass, kanns du dech zu zwee an d'Zelt leeën an deng Nuecht am Fräie genéissen. Viraus gesat, datt's du net iwwer déi 300 Kilo am Ganze kënns.
Kanns du dir virstellen, de Polestar 4 vill op Campingen ze gesinn?
Ganz éierlech nee. D'Presentatioun war awer praktesch op engem Camping organiséiert. An dat hat och ee gewëssene Grond. D'Schweede wollte nämlech weisen, datt een den Auto net nëmmen als Fortbeweegungsmëttel soll oder ka gebrauchen, mee och als Stroum-Liwwerant. Vehicle-to-Load (V2L) heescht dat. An dat ass déi zweet grouss Neierung vis à vis vum Coupé Modell. 3,3 kW liwwert de Polestar 4.

Domadder kann den Auto ouni Problem zwee Zelter mat Stroum versuergen. Eng Induktiounsplack fir ze kachen, oder eng Kaffismaschinn sinn och kee Problem. Op een awer wierklech dacks op de Stroumspender zeréck gräift, woen ech ze Bezweiwelen.
Ginn et Ënnerscheeder, beim Interieur-Design, der Fuerdynamik respektiv dem Undriff tëscht dem Coupé an dem "normalen" SUV?
Den Design ass bannen am Auto identesch. Skandinavesche Minimalismus. D'Akkue sinn a béide Modeller déi selwecht. Zu Verfügung stinn 100 kW. Eng Kéier mat 272 Päerd op der hënneschter Achs. An dann och 544 Päerd bei deem déi 4 Rieder ugedriwwe ginn. Testkilometer déi mir gefuer sinn, waren net all ze laang an zum Deel och um Circuit.

Mir ass awer opgefall, datt den Handling vum neie Polestar besser ginn ass. Op Nofro hin, krut ech dann och gesot, datt effektiv um Chassis nogebessert gouf. Et gëtt awer nach ëmmer keng Loftfiederung. Déi gëtt et awer bei ville Premium Marken. An zu deene wëll Polestar jo och gehéieren. An domadder wiere mir dann och beim Präis. Lass geet et bei 56.700 Euro.
