
En Dënschdeg war d'Police bei e Mann zu Konsdref gefuer, fir seng Schosswaffe matzehuelen, well säi Waffeschäin ofgelaf war. Wéi d'Beamten dem Mann de Grond vum Asaz erkläert hunn, huet dëse sech ëmmer méi onkooperativ verhalen a refuséiert, d'Waffen erauszeginn. Dobäi huet de Mann e puer Mol probéiert ee vun de Polizisten ewechzedrécken a sech zréck an d'Haus ze zéien. Well de Mann sech gewiert huet, gouf hie vun de Beamten ënner Kontroll bruecht. Wärenddeem koum et zu engem Sträit mat zwou weidere Persounen, déi op der Plaz waren. Um Enn konnten d'Beamten d'Situatioun awer ënner Kontroll bréngen.
De Mann huet schlussendlech d'Waffe souwéi déi entspriechend Munitioun erausginn an och de Waffeschäin, deen ofgelaf war, ofginn. Wéinst dem Widderstand géint d'Poliziste goufe seng Donnéeën opgeholl.