2 kierperlech Ausernanersetzungen Kopfhörer geklaut an der Stad a Messerattack zu Ettelbréck

RTL Lëtzebuerg
Géint 22.30 Auer gouf d'Police vun de Rettungsekippen iwwer eng Persoun mat enger Stéchverletzung an der Groussgaass zu Ettelbréck informéiert.
© Laurent Weber

No engem verbale Sträit tëscht zwee Männer koum et zu enger Kläpperei, bei där ee vun hinne mat engem Messer liicht um Uewerschenkel blesséiert gouf. Hie koum an d'Spidol. D'Sich no der zweeter Persoun war net erfollegräich. D'Enquête leeft.

Géint 21 Auer gouf d'Police op d'Place de la Gare an der Stad geruff, wou dräi Männer uneneegerode waren. Éischten Erkenntnesser no gouf dobäi engem vun hinnen d'Kopfhörer geklaut. Déi zwee aner Männer hu probéiert fortzelafen, konnte kuerz drop awer gestallt ginn. All déi Bedeelegt goufe mat op de Policebüro geholl.

Back to Top
CIM LOGO