
Bei engem vun de Chauffere konnten d'Beamten Unzeeche vun Alkoholkonsum feststellen. Den Alkoholtest war positiv. De Mann krut e provisorescht Fuerverbuet.
Kuerz drop, géint 1.40 Auer, huet d'Police an der Avenue Frantz zu Munneref e Chauffer kontrolléiert, deen däitlech ze séier ënnerwee an net ugestréckt war. Ausserdeem konnt hien och kee gültege Führerschäin virweisen. Den Alkoholtest war positiv. Op Uerder vum Parquet gouf den Auto saiséiert an e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt.