AarbechtszäitorganisatiounD'Propose vum Aarbechtsminister Spautz ënner d'Lupp geholl

Michèle Sinner
D'lescht Woch huet den Aarbechtsminister Marc Spautz nei Proposen iwwer d'Aarbechtszäitorganisatioun gemaach. Dës huet d'Michèle Sinner nach emol am Detail ausernee gepléckt.
Ënnert anerem proposéiert den Aarbechtsminister Marc Spautz, datt d'Aarbechtswoch an Zukunft kéint a véier Deeg vun 10 Stonnen erduerch sinn amplaz a fënnef Deeg vun 8 Stonnen.

D'Virschléi huet de Marc Spautz am Kader vum Comité permanent de l'Emploi et du Travail, dem CPTE, wou d'Sozialpartner beieneen sinn, gemaach. Eng dovun ass, datt d'Aarbechtswoch an Zukunft kéint a véier Deeg vun 10 Stonnen erduerch sinn amplaz a fënnef Deeg vun 8 Stonnen.

An dat huet ville Leit nawell gefall. Virun allem deenen, déi gemengt hunn, si géife souwisou oft méi ewéi aacht Stonnen den Dag schaffen.

Mee de Choix, fir deen een oder anere System wäert net bei den eenzele Beschäftegte leien. Op alle Fall net direkt.

Dat ass ganz wichteg, well all déi Neierungen, déi d'lescht Woch virgeschloe goufen, nëmme méiglech sinn, am Kader vun engem Kollektivvertrag. Dat heescht, ob een herno ka seng Aarbechtswoch a véier Deeg erduerch huelen, hänkt dovun of, ob a wéi ee Kollektivvertrag verhandelt gëtt. De Moment ass zum Beispill scho gesetzlech virgesinn, datt een néng Stonnen den Dag ka schaffen - och wann et am Kader vun engem Kollektivvertrag ass. Mee déi Méiglechkeet schéngt bis elo net vill Succès ze hunn. Vläicht well een dann op véier an en hallwen Dag erauskënnt.

Wat de Weekend ugeet, muss deen den Ament op d'mannst 44 Stonne Repos um Stéck bidden. Dem Marc Spautz senge Virschléi no, kéint dat op 35 Stonne reduzéiert ginn. Mee: Och dat wéi gesot am Kader vun enger Kollektivvertragsverhandlung, wou d'Gewerkschaften da sécherlech géife Géigeleeschtungen dofir verlaangen.

Da sollen och kënnen zwou Pausen an engem Schaffdag gemaach ginn amplaz wéi bis elo eng, hei sinn d'Gewerkschaften awer retizent, aus follgendem Grond:

Wat méi esou Pausen an engem Dag méiglech sinn, wat d'Zäitspan, an där ee schafft, méi wäit auserneegeet. Een also vläicht méi fréi muss ufänken oder méi spéit eréischt kann ophalen. Dat ass virun allem da problematesch, wann d'Pausen eeben net bezuelt ginn. Dat arrangéiert dann awer vläicht net jiddereen.

Dee véierte Punkt betrëfft den Temps partiell, bei deem een net all Woch d'nämmlecht vill soll schaffe mussen.

Als Beispill: Mat enger hallwer Tâche, also 20 Stonnen d'Woch wier et der neier Propos no méiglech, vläicht eng Woch zéng Stonnen ze schaffen an déi aner 30. Sou datt een an der Moyenne op senger hallwer Tâche wier. Mee wéi gesot: Dat soll alles just am Kader vun engem Kollektivvertrag méiglech sinn. Wat dann an den eenzele Secteuren oder bei den eenzelen Entreprisë verhandelt gëtt, dat kann dann ënnerschiddlech sinn.

A virun allem ass dat iwwerhaapt nach Zukunftsmusek, well déi Proposen, déi huelen d'Sozialpartner elo zréck mat an hir Gremien an dann erëm mat zeréck an de CPTE. An dono géing dann eréischt e Gesetzesprojet gemaach ginn, deen duerch all Instanze misst.

Nei Proposen zur Aarbechtszäitorganiatioun / Prezisioune vum Michèle Sinner

Back to Top
CIM LOGO