
Déi héich Energiepräisser si komm, fir nach eng Zäit ze bleiwen. D’Inflatioun an der Eurozon bleift méi laang méi héich, schreift de Statec a sengen neiste Previsiounen. D’Inflatioun wäert eréischt 2028 op 2% zréck goen.
Am Oktober louch d’Präisdeierecht hei am Land bei 2,7%.
D’Hëllefsmesuren, déi an der Tripartite verlängert goufen, halen d’Inflatioun am Grëff. Dat anert Joer wäert d'Präisdeierecht esou ëm 0,7 Punkte kënnen erofgedréckt ginn an eng zousätzlech Indextranche kann evitéiert ginn.
Dem zentralen Zenario no soll sech d’Inflatioun d’nächst an d’iwwernächst Joer bei 2,5% stabiliséieren. Tëscht 2 an 3% sinn awer och, jee no Entwécklung vun den Energiepräisser, méiglech.
Wéini déi nächst Indextranche fälleg ass, hänkt vun der Präis-Evolutioun of. Fir de Moment geet de Statec vun enger Indextranche am zweeten Trimester d’nächst Joer aus an eng weider am zweeten Trimester 2028. Déi lescht Indextranche war am Juni dëst Joer.