
En Donneschdeg de Moien huet de Jeff Strasser säi Kader vu 25 Spiller fir déi zwee lescht Matcher an der Nations League annoncéiert. Dobäi goufen e puer kleng Iwwerraschungen.
Wéi schonns fir déi éischt Matcher feelen de Kiki Martins an den Yvandro Borges weider verletzt, do komme lo awer och de Leandro Barreiro, Danel Sinani a Seid Korac mat dobäi.
Zeréck am Kader sinn de Laurent Jans, deen no senger Blessur nees fit ass an den Eldin Dzogovic. Nei mat dobäi sinn den Tim Hall an der Defense vum Tabelleleader aus der BGL Ligue UNA Stroossen. Fir den Ikene Farid vum Staater Racing an de Patrick Macedo vun der Residence Walfer ass et eng éischte Selektioun vum Jeff Strasser.
Lass geet et fir d'FLF-Selektioun den 13. November hei Heem am Stade de Luxembourg géint Estland, éier et dann de 16. November an Island geet fir dës Campagne ofzeschléissen. Fir den Heemmatch sinn nach Ticketen ze kréien.