Zu Mompech an der Gemeng Rouspert-Mompech ginn den Ament 4 Wandrieder dem Buedem gläich gemaach. Si sinn zanter 2007 a Betrib. Dës Wandrieder ginn net gesprengt mee ofgeseet. Duerno gi si duerch zwee neier, méi performanter ersat.
Sou performant Wandkraaftmille si net nëmmen op den Éisleker Koppe méiglech. Och am Guttland kënne si Stroum produzéieren.
"Zu Dippech hu mir viru kuerzem eng Anlag a Betrib geholl", esou de Generaldirekter vu Soler, de Paul Zeimet. "Zu Steebrécke steet schonn eng, zu Péiteng och. An de nächste Jore wäerte mir och am Süden Anlage bauen zesumme mat der Sudenergie. Wichteg ass et ëmmer méi no bei der Industrie, méi no bei den Autobunnen. Den Energiedësch vun der Regierung well, datt mir méi no bei d'Verbraucher kommen."
D'Material vun den demoléierten Tierm gëtt recycléiert: "De ganze Stol an d'Elektronik déi drastescht dat kann ee ganz gutt recycléieren."
An e puer Deeg wäerten déi lescht zwee Wandrieder dem Buedem gläich gemaach ginn.