Schneekereie mat Nolen oder NeelHalloween-Virfall och an der Äifel, awer net zu Lëtzebuerg

Luc Marteling
An Däitschland hu preparéiert Kamellen an der Lescht fir vill Opreegung gesuergt. Hei am Land goufen der Police bis ewell keng esou Fäll gemellt.
Deen Nol huet hei definitiv näischt verluer: Dëst manipuléiert Stéck Schockela ass op Halloween zu Ludwigshafen (D) opgedaucht.
Deen Nol huet hei definitiv näischt verluer: Dëst manipuléiert Stéck Schockela ass op Halloween zu Ludwigshafen (D) opgedaucht.
© Polizeipräsidium Rheinpfalz (via Input-Presse)

Déi eng grujele sech gären, déi aner net. Déi eng fanne Blutt a Skeletter cool, déi aner doe se lafen. Deenen enge schmaache Kalbassen, déi aner evitéiere se, wou se nëmme kënnen ...

Iwwer dat modernt Ëmgeréits den 31. Oktober ginn d'Meenungen definitiv auserneen. Goufe fréier Rommelen ausgehielegt, fir eng Käerz drënner ze stellen an esou Grimasse liichten ze loossen, déi virdrun drageschnëppelt gi waren, hunn haut gréisstendeels d'Kürbissen d'Roll vun dëse Rauliichter oder Trauliichter iwwerholl.

Cadeau empoisonné ...

Op den Hype ëm Halloween, deen zanter Joren ëmmer méi grouss gëtt an dee beileiwen net just op Géigeléift stéisst, gouf dëst Joer awer en zolitte Schiet geheit – een, deen, wann een de Kommentarer an den (sozialen) Medien dierf gleewen, vill Leit net fir mënscheméiglech gehalen hunn: D'Kanner, déi fir Halloween an hirer Nopeschgéigend un d'Diere schelle goungen, fir Séissegkeeten ze heeschen, krute plazeweis preparéiert Kamellen oder Stécker Schockela an de Kuef geluecht oder an de Grapp gedréckt.

Et handelt sech dobäi direkt ëm eng Partie Fäll, déi an eisem Nopeschland Däitschland fir vill Reaktioune gesuergt hunn. Aus guddem Grond: U verstoppten Nolen oder Neel kann ee sech nämlech zerguttstert wéidoen. Ganz dovun ofgesinn, datt ee Kanner mat geschenktem, séisse Geschier op eng hannerhälteg Aart a Weis a Gefor bréngt ... oder fir hir Halloween-Begeeschterung wëll bestrofen?

"Wirklich schauderhafter Sachverhalt"

En Dënschdeg gouf bekannt, datt et esou e Fall och an der Groussregioun gouf. "Vorsicht vor Fremdkörpern in Süßigkeiten!", huet d'Policedirektioun vu Wittlich hire Communiqué vum spéide Méindegowend iwwerschriwwen. An d'Presse-Agence Input-Presse, mat där RTL zesummeschafft, huet den Dag drop kommentéiert: "Eine bodenlose Gemeinheit und ein Anschlag auf die Unversehrtheit der Kinder."

Wat war geschitt? Zu Lünebach am Eifelkreis, eng 20 km vun der Lëtzebuerger Grenz, war e Samschdeg den Owend en 10 Joer aalt Meedchen zesumme mat senger d'selwecht aler Frëndin ënnerwee, fir Geschneeks ze sammelen. Wéi et e Méindeg e Stéck Schockela dovu wollt iessen, ass em eng ronn 5 cm laang Nol doran opgefall. Een Onbekannten hat dee verschenkte Schockela also preparéiert, wat awer nach matzäite virum Iessen opgefall ass.

Nach den Dag selwer, op Allerséilen, den 2. November, gouf de Virfall der Police vu Prüm gemellt. An hirem Schreiwes schwätzt si vun engem "wirklich schauderhafter Sachverhalt mit Halloween-Zusammenhang".

Zeienopruff vu Prümmer Police

D'Police vu Prüm preziséiert, datt dëst keen Eenzelfall wier, well an e puer Bundeslänner wier et zu änleche Fäll komm. Esou wieren ënnert anerem zu Ludwigshafen a Rheinland-Pfalz Fäll vu preparéierten Halloween-Séissegkeete (Foto) gemellt ginn. Der Police hiren dréngende Rot ass dann och kloer: Fir Blessuren ze evitéieren, soll een d'Halloween-Genaschels op kleng Lächer an de Verpackungen an op Friemkierper hi préiwen, éier ee se ësst.

Wie fir d'Nol am preparéierte Schockela vu Lünebach responsabel ass, wier nach net gewosst, esou d'Police. Si huet awer en Zeienopruff lancéiert. All Hiweis ass fir d'Polizeiinspektion Prüm, Telefon: +49 6551-942-0, E-Mail pipruem@polizei.rlp.de.

Keng Fäll zu Lëtzebuerg gemellt

Zu Lëtzebuerg goufen der Police bis elo keng esou Fäll gemellt, dat krut RTL op Nofro hi confirméiert. Sollt een awer an enger Schneekerei eppes fannen, wat do net higehéiert, dann am beschten direkt d'Police informéieren.

Den 31. Oktober hat déi Lëtzebuerger Police awer och esou genuch ze dinn: vill Appeller vu Leit, déi sech duerch Halloween-Partyen oder soss Evenementer gestéiert gefillt hunn. Deen nämmlechte Constat géif een awer och op anere Feierdeeg maachen, zum Beispill um Virowend vun Nationalfeierdag oder op Silvester.

Back to Top
CIM LOGO