No 23 JoerCristiano Ronaldo trëtt aus portugisescher Nationalekipp zréck

Tom Nols
No wochelaangen Differenzen huet de portugisesche Superstar op de Soziale Medie säi Récktrëtt aus der Seleção annoncéiert.
De Cristiano Ronaldo hänkt den Tricot vun der Nationalekipp un den Nol.
De Cristiano Ronaldo hänkt den Tricot vun der Nationalekipp un den Nol.
© PATRICIA DE MELO MOREIRA/AFP

De Cristiano Ronaldo huet säi Récktrëtt aus der portugisescher Nationalekipp bekannt ginn. No 23 Joer huet hien an engem emotionale Message däitlech gemaach, wéi eng Bedeitung Portugal wärend senger ganzer Karriär fir hien hat.

D'Decisioun wier him net einfach gefall a säin Heemechtsland géing ëmmer en Deel vun him bleiwen, sou den CR7 a sengem Statement. Iwwer vill Jore war hie Kapitän an Identifikatiounsfigur vun der portugisescher Nationalekipp, fir déi hien zum Rekordspiller a beschte Buteur ginn ass.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO