FC Bayern MünchenDen Harry Kane huet bis 2029 verlängert

Tom Nols
Den däitsche Rekordmeeschter huet en Donneschdeg matgedeelt, dass den engleschen Nationalstiermer weider den Trikot vun de Bayern wäert undoen.
Den Harry Kane huet bei Bayern München bis 2029 verlängert
Den däitsche Rekordmeeschter huet en Donneschdeg matgedeelt, dass den engleschen Nationalstiermer weider den Trikot vun de Bayern wäert undoen.

Den FC Bayern München huet en Donneschdeg de Moie bekannt ginn, dass den Harry Kane säi Kontrakt bis 2029 verlängert huet.

D’Spekulatiounen ëm den englesche Superstar fannen domat en Enn. Zil vun de Responsabelen ass et, mam aktuelle Gewënner vum Ballon d’Or, nom däitschen Doublé, och d’Champions League ze gewannen.

De Kane ass zum Futtballspiller vum Joer an Däitschland gewielt ginn, en hat zweemol de Gëllene Schong kritt als beschte Stiermer an Europa an huet zanter 2023 an all Saison bei de Bayern déi meescht Goler geschoss.

Am Ganzen huet den 33 Joer ale Stiermer an 161 Matcher 156 mol fir déi Münchener markéiert a 40 weider Goler huet hie virbereet.

Back to Top
CIM LOGO