Invité vun der Redaktioun (5. November)Charlotte Junck, Direktesch UEL

François Aulner
E Mëttwoch de Moie sinn d'Erausfuerdunge fir d'UEL Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

An der Mëtt vun der Legislaturperiod huet sech d’Unioun vun den Entreprisen, d’UEL, un der Spëtz erneiert. De President Michel Reckinger gouf vum Marc Lauer ofgeléist an den Direkter Marc Wagener vum Charlotte Junck.

Mat hir schwätze mer de Moien hei op RTL iwwert d’Strategie a Fuerderunge vun der UEL fir déi nächst Joren an ewéi si d’aktuell sozio-ekonomesch Situatioun heiheem an iwwert d’Grenzen eraus gesäit.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO