No refuséiertem Handschlag mat weibleche SupporterJeunesse Esch reagéiert op Affär nom Match zu Käerjeng

RTL Lëtzebuerg
De Jeunesser Spiller Younes Mouadden war nom Match zu Käerjeng wéinst dem Verweigere vum Handschlag mat weibleche Supporter a Kritik geroden. Elo huet de Veräin reagéiert.
Trotz der Defaite sollten d'Escher Spiller hir Supporter nom Match ofklappen. Dobäi ass et zum Eclat komm.
© Val Wagner (Archiv)

E Sonndeg war et am Kader vum 9. Spilldag an der BGL Ligue um Terrain zu Käerjeng zu Opreegunge komm. No der 1:4-Defaite vun der Jeunesse huet de Younes Mouadden d'Ofklappe mat weiblechen Escher Supporter verweigert. Dëse Gest huet net nëmmen um Terrain, ma och méi spéit op de soziale Medie fir eng Rei Diskussiounen a Kritik gesuergt.

Wéi d'Tageblatt nom Weekend geschriwwen huet, hätt sech d'Jeunesse op Facebook zum Virfall geäussert a betount, datt dem Spiller zu kengem Zäitpunkt de Respekt virun de weibleche Supporter gefeelt hätt. Vill méi wier d'Verweigere just op reliéis Grënn zréckzeféieren. Zwar soll de Mouadden säi Standpunkt schonn direkt nom Incident kloer gemaach an erkläert hunn, ma Aenzeien no soll de Spiller duerno an der Buvette weider domadder konfrontéiert gi sinn.

Och vun den Notzer op de soziale Medie soll et duerno Kritik a Richtung Veräin gi sinn, grad ewéi Beleidegungen a Kommentarer, déi als Hetz kéinte kategoriséiert ginn. Entspriechend Kommentarer goufe vum Veräi gemellt an offline geholl. De Veräi "behält sech d'Recht, fir rechtlech Suitte géint d'Verfaasser vun deene Kommenter an d'Weeër ze leeden". D'Kommentarfunktioun ënnert dem Bäitrag op Facebook gouf dann och ausgeschalt, well, wéi de Veräi seet: "...all eis Punkte kloer kommunizéiert gi sinn, Froen an Remarke beäntwert gi sinn." Et wier ee Benevole an et kéint een net 24 Stonnen den Dag eng sachlech Diskussioun garantéieren.

E Mëttwoch den Owend huet d'Jeunesse Esch elo een neie Communiqué verëffentlecht. Doran ass ze liesen, datt de Veräin d'Lëtzebuerger Agence fir Intégritéit am Sport (ALIS) an un d'National Ethikkommissioun saiséiert hätt an datt een am direkte Kontakt mam Sportsministère a mat der FLF wier. Mam Spiller hätt een direkt e perséinlecht a sachlecht Gespréich gesicht. Op där anerer Säit gëtt awer gesot, datt dat wat um Terrain geschitt an och d'Veräinaarbecht net dierfen "eng Tribün fir digital Hetzcampagnë ginn".

An deenen nächsten Deeg géif een elo also op eng "neutral a a fondéiert Préiwung vun der Situatioun duerch déi offiziell Instanzen" ouni "emotional Social-Media-Debatten" setzen. Bis do Resultater virleien, géif ee sech net méi weider ëffentlech zum Virfall äusseren.

Back to Top
CIM LOGO