
Den Escher Spiller Younes Mouadden hat nom Match e Sonndeg zu Käerjeng weibleche Supporter d'Hand net ginn. De Virfall huet fir Diskussioune gesuergt, dat virun allem an de soziale Medien. De Veräin huet mëttlerweil d'Lëtzebuerger Agence fir Integritéit am Sport saiséiert.
De Marc Theisen betount am Interview, datt hie selwer net dobäi war. Och kee Member vum Kommitee hätt d'Zeen direkt matkritt. Hie géif sech deemno op d'Erklärunge vum Spiller baséieren. Deen hätt zwou Supporterinnen aus reliéise Grënn d'Hand net ginn, ouni si domat beleidegen ze wëllen.
Déi reliéis Haltung misst ee respektéieren, esou de Jeunesse-President. Gläichzäiteg kéint een awer och novollzéien, datt Leit de refuséierten Handschlag anescht bewäerten a kritiséieren. D'Toleranz misst fir béid Säite gëllen.
Déi aner Problematik gesäit de Marc Theisen an engem Deel vun de Reaktiounen, déi duerno koumen. Verschidde Leit hätte sech net sachlech mam Virfall auserneegesat, mee "béiswëlleg, bal verleumderesch" Bemierkunge gemaach. D'Uschëllegunge géifen dobäi net nëmmen de Spiller, mee och de Veräin an d'Membere vum Kommitee betreffen.
Op d'Fro no juristesche Schrëtt leet sech de President net fest. De Kommitee géif déi nächst Woch diskutéieren, wéi een op dës Kommentare reagéiere soll. De Marc Theisen kéint sech awer och en Dialog mat de Leit virstellen, déi d'Kommentare geschriwwen hunn.
Vun der Ethikkommissioun erhofft sech de Marc Theisen Hëllef, wéi Sportveräiner mat esou Konflikter ëmgoe sollen. Et wier net um Veräin, fir an déi eng oder déi aner Richtung Lektiounen auszedeelen.