
An der Ligaphas vun der Europa League goufen en Donneschdeg den Owend d'Matcher vum 4. Spilldag ausgedroen. Bournemouth, Ferencvaros a Benfica hunn als eenzeg Ekippen nach all Match gewonnen a leien deemno punktgläich un der Tabellespëtzt. Donieft hu Crystal Palace an Hoffenheim sech d'Punkte gedeelt an och tëscht Real Sociedad a Lyon gouf et ee Remis, wärend Marseille zu Leverkusen gewonnen huet.
No der Derby-Victoire géint Inter de Weekend huet d'AC Mailand sech géint Ferencvaros däitlech méi schwéier gedoen. Schonn am éischten Duerchgang sinn nëmmen d'Ungaren geféierlech virun de Gol komm, si konnten awer e puer gutt Occasiounen net notzen. No der Paus hunn d'Gäscht et du besser gemaach a bannent enger Véierelsstonn op 2:0 gestallt. Fir d'éischt huet de Joseph vun engem Feeler vum Mailänner Golkipp Torriani profitéiert, kuerz drop goufen d'Rossoneri duerch e Konter äiskal erwëscht. De Joseph huet de Ball um Enn just nach mussen iwwer d'Linn drécken. Beim Score vun 0:2 sollt et bleiwen, soudass Mailand schonn déi drëtt Defaite an dëser Ligaphas astieche muss. Ferencvaros huet dogéint weider kee Punkt ofginn.
An Ënnerzuel huet Crystal Palace géint Hoffenheim spéit ee Punkt zu London gehalen. D'Sinsheimer si schonn an der 7. Minutt no engem Konter duerch de Prass a Féierung gaangen. Et war een intensiven a vu ville Fouls gepräägte Match, an deem d'TSG sech déi besser Golchancen erausspille konnt. Notze konnten d'Visiteuren awer dovu keng méi, soudass et bis zum Schluss spannend bliwwen ass. Och no enger rouder Kaart fir de Wharton hunn d'Londoner sech net opginn, a sou konnte si duerch de Kamada an der Nospillzäit tatsächlech nach den 1:1 schéissen. Béid Ekippen hunn domat weider just eng Victoire a mussen an den nächste Partië punkten, fir nach an d'KO-Phas anzezéien.
Och Real Sociedad an Olympique Lyon hu sech am Baskeland mat engem 1:1 d'Punkte gedeelt. No enger knapper hallwer Stonn huet de Barrenetxea mat enger Flank den Oskarsson fonnt, dee per Kapp den 1:0 schéisse konnt. Nom Säitewiessel hat Lyon dunn e wéineg méi vum Match a konnt no 54 Minutten och duerch den Tolisso egaliséieren. An der Suite war et eng ausgeglache Partie, an där awer keng Ekipp offensiv ze vill Risiko agoe wollt. Lyon steet mat dësem Resultat op Plaz 13, fir d'Basken ass et no den éischte véier Spilldeeg déi 20. Plaz.
Leverkusen huet doheem 0:1 géint Marseille verluer. D'Spectateuren an der BayArena hunn ee serréierte Match ze gesi kritt, an deem et awer op béide Säite just wéineg kloer Geleeënheete goufen. Knapp 15 Minutte viru Schluss konnt de Gouiri mat engem schéinen Ofschloss an de laangen Eck d'Féierung fir Marseille schéissen. Et war den éischte Leverkusener Géigegol an dëser Ligaphas a gläichzäiteg eréischt den zweete Gol fir Marseille. Fir d'Fransouse sinn et no dräi Defaiten domat déi éischt Punkten an dëser Europa-League-Saison, wärend et fir d'Werkself no dräi Victoiren déi éischt Néierlag ass.
Ouni de blesséierte Leandro Barreiro konnt Benfica sech doheem 3:1 géint Lech Posen behaapten. Duerch ee Gol vum Silva louch d'Lokalekipp schonn no 6 Minutten a Féierung an huet keng Zweiwel drun opkomme gelooss, wien zu Lissabon als Vainqueur vum Terrain goe sollt. Am zweeten Duerchang huet de Prestianni aus spatzem Wénkel op 2:0 erhéicht. Kuerz drop huet de Bengtsson zwar aus dem Näischt verkierzt, de Sudakov huet awer mam 3:1 den Deckel dropgemaach. Mat véier Victoiren aus den éischte véier Matcher läit Benfica deemno punktgläich mat Ferencvaros a Bournemouth un der Tabellespëtzt. Och an den anere Kompetitiounen huet Benfica dës Saison all Heemmatch gewonnen.
Juventus Turin huet sech auswäerts zu Alkmaar 2:1 duerchgesat. An der 19. Spillminutt huet de Koopmeiners no engem Konter den 1:0 géint säi Jugendveräin markéiert. Knapp 10 Minutte virun der Paus huet de Kolo Muani op 2:0 erhéicht. AZ hat zwar iwwer wäit Strecke méi vum Ball, géint eng gutt organiséiert Defense vun der Juve konnt ee sech awer kaum villverspriechend Situatiounen erausspillen. Duerch ee spéide Gol vum Meerdink ass et nach eemol spannend ginn, um Enn kënnen d'Bianconeri sech déi dräi Punkten awer sécheren. Mat 10 Punkte läit een domat elo op Plaz 5 an der Tabell.
________________________________________________
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Europa League ze kommen.