No der Gebuert opginn"Meng Mamm kennenzeléieren, wier dee schéinste Kaddo a mengem Liewen"

Romain Van Dyck
RTL Infos iwwersat vun RTL.lu
De Christophe Biver gouf bei senger Gebuert 1982 vu senger biologescher Mamm eleng gelooss. Hien ass weder rosen, nach verbattert, ma huet als gréisste Wonsch, si kennenzeléieren.
De 44 Joer ale Christophe Biver sicht zanter Joren no senger leiflecher Mamm.
© Romain Van Dyck

"Ech wëll si net forcement froen, firwat si mech verlooss huet. Och net, datt si meng Mamm gëtt. Ech wëll nëmmen Informatioune kréien", esou de Christophe Biver am Gespréichmat eise Kolleege vun RTL Infos, déi scho viru Méint en Témoignage iwwert de Frédéric Blanjard publizéiert hunn, engem weidere "Kand vun anonymmen Elteren". Och hien ass wéi de Christophe bei senger Gebuert eleng geloss ginn a sicht zanterhier no senge biologeschen Elteren, respektiv senger Mamm.

Leider ouni Succès. Ganz dacks musse Persounen an esou Fäll hir Vergaangenheet hannert sech loossen. D'Gesetzeslag léisst wéineg Spillraum: Wann eng Mamm kee Kontakt mat sengem Neigebuerene wëll, gëtt et fir dëst kaum bis guer keng Méiglechkeete fir Informatiounen iwwert si ze kréien. Mee de Christophe gëtt d'Hoffnung net op.

Christiane, d'Hiewan, déi dem Christophe seng "drëtt Mamm" ginn ass

De Christophe zielt eis seng Geschicht: "Meng biologesch Mamm gouf de 24. Mee 1982 um 5:15 Auer an d'Maternité Grande-Duchesse Charlotte an der Stad ageliwwert. Ech sinn um 7:25 Auer op d'Welt komm. Meng Mamm huet keng Zäit verluer" geckst en. "Ech hat eng anonym Gebuert. D'Hiewan, d'Christiane, huet mech am Populatiounsbüro vun der Stad Lëtzebuerg ageschriwwen. Si huet mer den Numm Pierre-Christian ginn." Seng leiflech Mamm wier bis den 28. Mee an der Maternité bliwwen. Duerno wier si gaangen. An de Papp? "Hien huet mech och net als säi Fils unerkannt. Ech hu keng Informatiounen." Méiglecherweis hätt dësen de Christophe scho viru senger Gebuert verlooss.

© Christophe Biver (Privatopnam)

Den haut 44 Joer ale Mann hat awer och e bëssi Gléck am Ongléck a gouf relativ séier, den 9. November 1982 adoptéiert. Seng Adoptivmamm wier onfruchtbar gewiescht an hätt mat hirem Mann scho sechs Joer virdrun e Kand adoptéiert. Mat sengem Adoptivbrudder hätt de Christophe awer "wéineg Kontakt" gëtt en am Interview zou.

"Ech hat eng glécklech Kandheet, meng Adoptivelteren hu mir alles ginn, wat ech gebraucht hunn a meng biologesch Elteren hu mech net gekëmmert." An der Primärschoul wier en eng éischte Kéier gewuer ginn, datt en adoptéiert ass. "Meng Elteren hu mat mer geschwat a mer ze verstoe ginn, datt si mech ënnerstëtze wäerten, falls ech [no menge richtegen Eltere] recherchéiere wéilt." De Besoin, d'Wourecht erauszefannen, wier komm wéi e méi al a méi autonom ginn ass. "D'Scheedung vu mengen Adoptivelteren huet och eng grouss Roll gespillt. Ech hat bemol de Besoin, där Persoun, déi mech op d'Welt gesat huet, en Numm an e Gesiicht ze ginn."

An hie konnt op onerwaart Ënnerstëtzung zielen: Duerch seng Nofuerschungen ass en op d'Christiane, seng Hiewan gestouss. "Si ass sou eppes wéi meng drëtt Mamm ginn. Meng Geschicht huet si beweegt, si huet ëmmer versicht, mir bei mengen Efforten ze hëllefen. Si ass Deel vu mengem Liewen a si war et, déi mech beim État civil ugemellt huet. Dat hunn ech hir och alles bei mengem 40. Gebuertsdag gesot, well mir gesinn eis dacks". Iwwerdeems huet si dem Christophe eng wäertvoll Informatioun mat op de Wee ginn: "D'Christiane huet net méi vill Erënnerungen un d'Gebuert, mee si erënnert sech nach dorun, datt meng Mamm immens jonk war, wéi si mech op d'Welt bruecht huet. Villäicht 16 oder 17 Joer al."

"D'Gesetz muss änneren!"

Haut schafft de Christophe als Éducateur gradué. Hie schafft virun allem mat jonken Erwuessenen a schwierege Liewenssituatiounen, déi betreit wunnen. Säin Job encouragéiert hien dobäi, méi iwwert seng Originnen erauszefannen: "Wann een Educateur ass, ass et méi schwéier aneren ze hëllefen, wann een net mat sech selwer am réngen ass."

An der Primärschoul ass de Christophe eng éischte Kéier gewuer ginn, datt hien adoptéiert gouf.
© Romain Van Dyck

Trotzdeem ass et him gelongen, sech e Liewen opzebauen. "Ech hu meng éischt Demarche am Dezember 2014 gemaach a krut mäin originalen Acte de naissance. Wéi mäin éischt Kand 2017 op d'Welt koum, e Meedchen, duerno 2021 e Bouf, hat ech nach méi de Besoin verspuert, fir meng Hierkonft erauszefannen. Et huet ee mer séier ze verstoe ginn, datt et schwéier wäert ginn, d'Spuere vu menge biologeschen Elteren zu Lëtzebuerg ze fannen, mee ech hunn net opginn."

Fir de Christophe geet et nämlech ëm nach eng ganz aner, immens wichteg Saach: "Bei mir gouf eng Häerzschwächt festgestallt, dowéinst wéilt ech gär wëssen, ob et a menger Famill Antecedante gouf. Dat gëllt och fir meng Kanner. Ech verstinn, datt beim Accouchement d'Anonymitéit vun der Mamm geschützt gëtt wa si dat wëll, mee soubal ee volljäreg gëtt, sollt een Accès zu dëse wichtegen, a souguer iwwerliewenswichtegen Informatioune kréien. D'Gesetz muss änneren!", plädéiert de Christophe Biver.

Hien hofft dowéinst, datt seng Mamm säin Appell matkritt. "Ech hu quasi all meng Kaarte gespillt. Ouni Erfolleg. Ech fanne keng weider Informatioune méi. En Numm oder Virnumm vu menger Mamm oder eng aner Informatioun iwwert meng Gebuert géing schonn duergoen. Idealerweis si perséinlech kennenzeléieren - wa si dat wëll - wier dee schéinste Kaddo a mengem Liewen. Fir datt ech endlech soe kann, datt ech dräi Mammen hunn: eng leiflech Mamm, eng Adoptivmamm an eng Hiewan."

Wann Dir de Christophe Biver kontaktéiere wëllt, kënnt Dir dat maachen andeems Dir eise Kolleege vun RTL Infos e Mail maacht un rtlinfos@rtl.lu. Dat kënnt Dir selbstverständlech anonym maachen.

Back to Top
CIM LOGO