Bei Läschaarbechten dout fonntMann vun 63 Joer bei Feier zu Eeschpelt gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend koum et zu engem déidleche Brand zu Eeschpelt.

Nodeems de CGDIS en Donneschdeg de Moie scho vun zwee Blesséierte bei engem Brand zu Eeschpelt geschriwwen hat, preziséiert d'Police, datt ee Mann vun 63 Joer beim Brand an enger Kummer an der Duerfstrooss gestuerwen ass. Nieft dem Mann wieren nach véier aner Leit am Haus gewiescht, dës hätten d'Gebai awer kënne verloossen, de Mann wier ufanks vermësst gewiescht.

Bei de Läschaarbechte wier de Mann dunn dout am Gebai fonnt ginn. De Parquet gouf iwwer den déidleche Virfall informéiert an huet Ermëttlungen zu der geneeër Brand- an Doudesursaach lancéiert.

Am Asaz waren de Samu-Noutdokter, d'Ambulanciere vu Rammerech, Wolz a Clierf grad ewéi d'Pompjeeë vum Zenter Stauséigemeng, vu Bauschelt a vu Wolz.

Donieft hat de CGDIS nach dräi weider Bränn gemellt, bei deenen et awer beim Materialschued bliwwe war.

Kuerz no 18 Auer hat eng Schminni zu Gilsdref an der Strooss "Um Ale Waasser" gebrannt. D'Pompjeeë vu Bettenduerf a vum Zenter Nordstad waren op der Plaz.

Géint 18:58 Auer waren d'Pompjeeë vu Lëntgen op Boufer an d'Rue Marcel Noppeney geruff ginn. Hei hat et an engem Container vun engem Chantier gebrannt.

Zu Diddeleng an der Rue de la Liberation gouf et iwwerdeem e Feier an enger Garage vun enger Residenz. Hei waren nieft de Pompjeeë vun Diddeleng, Beetebuerg an Esch och de Gato an eng Ambulanz vun Diddeleng am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO