Siwe BlesséierterZwou Persoune bei Brand zu Clierf verwonnt, fënnef Blesséierter bei verschiddenen Accidenter

RTL Lëtzebuerg
Véier Pompjeescorpse ware wéinst Brand an engem Appartement zu Clierf am Asaz.
© Laurent Weber

Zu Clierf huet et en Donneschdeg den Owend no 23 Auer an der Grand-rue an engem Appartement gebrannt. Zwou Persoune goufe verwonnt, mellt de CGDIS. Véier Pompjeescorpse waren am Asaz.
 

Fënnef Blesséierter gouf et bei dräi Accidenter

No 17 Auer waren am Rollengergronn zwee Ween net laanschtenee komm. Bei deem Accident goufen zwou Persoune verwonnt.

Zu Märel sinn um 18:40 Auer an der Lonkecher Strooss och zwee Autoe kollidéiert, eng Persoun gouf verwonnt.

No 19 Auer gouf et dann nach eng Kollisioun op der A3 Richtung Metz, wou e puer Gefierer dra verwéckelt waren. Heibäi goufen och zwou Persoune verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO