
Dat ass eng vun de Conclusioune vum Rapport iwwert de Pilotprojet “ALPHA – zesumme wuessen”, deen zanter e Méindeg public ass. De Rapport war zwar schonn Enn Mäerz fäerdeg, gouf allerdéngs vum Educatiounsministère bis elo ënner Embargo gehalen.
Hei de LINK fir bei de Vote an der Chamber. Et ass jo scho gestëmmt.
Ënnerschiddlech Beräicher goufen analyséiert: Mathematik, mëndlecht Verstoen a Liesverständnis. De Gros vun de Resultater vun de Kanner si ganz änlech, egal ob si op Franséisch oder op Däitsch alphabetiséiert goufen. Nëmmen am Liesverständnis gouf bei enger Grupp vu Kanner, déi op Däitsch ugefaangen hunn, e liicht méi schwaacht Resultat festgestallt.
Och d'Roll vun den Elteren ass analyséiert ginn. Virun allem d'Eltere vun de Kanner, déi op Franséisch alphabetiséiert goufen, hu sech méi zouversiichtlech gefillt, hir Kanner bei de Hausaufgaben ze ënnerstëtzen. Gläichzäiteg gesäit ronn een Drëttel vun den Elteren d'Méisproochegkeet am Lëtzebuerger Schoulsystem als eng Erausfuerderung.
Wéinst der limitéierter Unzuel u Participanten – 37 Kanner am franséische Grupp ALPHA, an 46 am däitschen - kéinten awer nach keng definitiv Conclusioune gezu ginn, heescht et am Rapport an et gëtt recommandéiert, de Projet weider ze evaluéieren an op méi grouss Etüden ze setzen, ier politesch Decisioune geholl ginn.
An engem Schreiwes weist de Ministère d'Virwërf zeréck, datt d'Rapporte verspéit public gemaach goufen, well d'Resultater net hiren Virstellungen entsprach hätten. De Claude Meisch sot am RTL-Interview, datt een fir d'éischt op all d'Rapporte gewaart hätt, ier datt se ëffentlech gemaach goufen.
D’Evaluatiounen, déi gemaach goufen, géife weisen, datt de Projet-Alpha gutt op déi sproochlech Diversitéit an de Lëtzebuerger Grondschoulen äntwert. Gläichzäiteg ënnersträicht och den Educatiounsministère, datt wéinst methodesche Limitten de Projet weider observéiert an d’Resultater virsiichteg interpretéiert musse ginn. Um Dënschdeg kréien iwwerdeems d'Deputéiert aus der Educatiounskommissioun an der Chamber d'Resultater presentéiert.
D'Kanner entwéckele sech besser a vill manner Schüler redoubléieren. Dat ass de Constat vum Conseil scientifique vum Educatiounsministère, deen déi ënnerschiddlech Rapporten iwwert de Projet Alpha zesumme gefaasst huet. D'Conclusioun dovu wier nach ëmmer positiv, et misst een der Fro awer nogoen, wisou déi positiv Elementer am Rapport vum LUCET dëst Joer net konnte festgestallt ginn. Dat sot den Educatiounsminister Claude Meisch am RTL-Interview.
An de Pilotschoule wieren 30% manner Kanner duerchgefall wéi an der Moyenne vun den 8 Joer virdrun. Ee Schüler vun dräi hätt net misse redoubléieren, well e liesen, schreiwen a rechne konnt an enger Sprooch, déi em méi no läit.
D'Bedeitung vum Projet géif och um Terrain gesi ginn, ënnersträicht de Claude Meisch nach. D'Enseignanten am Cycle 1 géifen iwwerdeems antëscht bei engem vun zwee Kanner soen, datt se op Franséisch sollen alphabetiséiert ginn, well et hinnen hëllefe kéint. Et wier ee sech bewosst, datt et e komplexe Projet wier an et misst een an Zukunft iwwert d'Methodologie vun der Evaluatioun schwätzen, well ëmmer manner Schüler dorun deelhuelen an ee soss riskéiert, iergendwann op engem Punkt ze sinn, wou d'Rapporten net méi relevant sinn. De Ministère huet all d'Rapporten op 340 Säite publizéiert, genee wéi dee vum Conseil scientifique.