RegierungsrotZwee groussherzoglech Reglementer, fir Relatioun tëscht Gesondheetskeess an Dokteren ze reegelen

RTL Lëtzebuerg
Am Regierungsrot regéiert een op d'Annonce vun der AMMD, datt d'Doktere keng nei Konventioun méi wëllen ënnerschreiwen.

Am Regierungsrot goufen e Méindeg zwee groussherzoglech Reglementer guttgeheescht, déi d'Relatioun tëscht der Gesondheetskeess an den Dokteren reegelen, nodeems d'Konventioun jo vun der Dokteschassociatioun gekënnegt gouf. D'AMMD hat jo och annoncéiert, datt si keng nei Konventioun méi wëllen ënnerschreiwen. De Mediateur huet dowéinst jo déi lescht Woch eng Non-Conciliatioun gesprach.

Doduerch, dass d'Relatioun Dokter-CNS elo via Règlement grand-ducal gereegelt ass, wann d'Konventioun am Oktober bis ofleeft, gëtt et awer keng Ënnerbriechung vun der Prise en charge vun de Soinen an d'Remboursementer géifen och wéi gewinnt weiderlafen. D'Tariffer bleiwe virleefeg déi Selwecht.


Weider Sujeten zum Thema

Back to Top
CIM LOGO