
Op den Datum vun e Freideg huet de Mediateur eng Non-Conciliatioun gesprach. Dat géif ee bedaueren, schreift d'CNS, déi awer rappeléiert, dass sech doduerch fir den Assuré näischt wäert änneren. Wann déi aktuell Konventioun tëscht den Dokteren an der CNS an zwee Méint ausleeft, spillt e Réglement Grand-ducal. Et géif also keng Ënnerbriechung vun der Prise-en-charge vun de Soinen, an d'Remboursementer géifen och wéi gewinnt weiderlafen.
D'CNS seet sech oppe fir e konstruktiven Dialog mat der Dokterschaft iwwert sämtlech Froen, déi sech stellen. De Corps médical hätt all Recht, fir sech iwwert hir Aarbechtsconditiounen an d'Evolutioun vum Santéssystem Gedanken ze maachen a Fuerderungen ze stellen.