Déi aktuell Konventioun war am Oktober zejoert gekënnegt ginn an déi leeft dësen Oktober aus. Fir d'Dokteschassociatioun ass kloer, de legale Kader muss adaptéiert ginn. D’CNS hätt sech bei de Verhandlungen awer ëmmer op dat aktuellt Gesetz beruff, kritiséiert den AMMD-President, Chris Roller: "An am Fong an der Mediatioun huet d'CNS weider ganz kloer gesot, dass si net drun interesséiert waren, de legale Kader ze änneren. Dass deen si eebe gutt arrangéiert. An dat heescht, vun hirer Säit... si wollte souwisou näischt änneren. A mir kënne jo awer dann net op eiser Säit soen 'okay, ma dann ënnerschreiwe mer einfach nees'."
Dem Chris Roller no feelt et och um politesche Wëllen eppes ze änneren. Et goufe Gespréicher mat der Gesondheetsministesch Martine Deprez an am Juni hat de Premier Luc Frieden och den Dossier zur Chefsaach gemaach. Et hätt een awer ze verstoe kritt, datt keng Changementer dra sinn: "D'Politik notamment ass jo awer déi, déi eng ganz Rei Saachen, wou d'CSV nach an der Oppositioun war, nach am Walkampf versprach huet, wéi de d'Medezin wëll moderniséieren an och änneren zu Lëtzebuerg. Och am Koalitiounsaccord stinn déi Saachen dran. Mee et ass awer en fin de compte kee Wëllen do fir dat esou politesch ëmzesetzen."
Der Dokteschassociatioun hir Fuerderunge sinn net nei. Kleng oder manner risikoräich Interventioune solle verstäerkt kënne baussent dem Spidol gemaach ginn, och bei der Verhandlung vun de Tariffer brauch et hirer Meenung no Adaptatiounen. Déi géingen aktuell eenzeg an eleng vun der CNS festgeluecht ginn: "Do hu mer gefrot. fir op d'mannst soe mer mol op deene Revalorisatioune bësse méi een Automatismus ze kréien, wéi et och eigentlech an de Kollektivverträg zum Beispill vun de Spideeler a vum Spidolspersonal virgesinn ass. An dat ass ee Punkt, wou d'Politik net wollt matgoen."
Gutt zwee Méint bleiwe lo nach bis déi aktuell Konventioun ausleeft. Duerno trëtt dann ee Reglement Grand-Ducal a Kraaft. Fir de Patient ännert sech direkt näischt. D'Tariffer a Remboursementer bleiwen d'selwecht, betount de Chris Roller. Dat géing awer och bedeiten, datt d'Prise en Charge net méi effikass gëtt an d'Waardezäiten net erofginn. An den Ae vun der AMMD, der eenzeger representativer Dokteschassociatioun, hätt eng Reforme kéinten zum Beispill derzou bäidroen, d'Cliniquen, IRM oder Operatiounssäll entlaascht géifen. Wat dem Patient entgéingt kéim, an de Budget vun der CNS entlaaschte kéint. Op engem Ament, wou net ausgeschloss kéint ginn, datt am Kader vun der Quadripartite am Hierscht, eng Cotisatiounserhéijung decidéiert kéint ginn.
De Reproche vun de Gewerkschaften, d'Dokteschassociatioun wier um Wee, fir eng Zwee-Klasse Medezinne ze schafen, weist d'AMMD zeréck. Do géif et just d'drëms goen, Angscht ze maachen. Dat d'Gewerkschaften, iwwer d'Chambre des salariers, mat am Conseil vun der CNS setzen, géif en Interesse-Konflikt schafen.
"Dat war e Rise-Chaos d' lescht Joer scho mat deene Pensiounsreformen, wou d' Politik sech d' Gewerkschaften opgelueden huet, an ech gi mol dervun aus, dass se dat dës Kéier net nach eng Kéier wëlle maachen, well se och gesi vläicht, bon, et gi just 3.000 Dokteren zu Lëtzebuerg, dovunner ass d' Hallschent Auslänner, déi votéieren, déi hu souwisou kee Stëmmrecht zu Lëtzebuerg, dat ass alles egal. D'Madamm Deprez seet ëmmer, jo, d' Dokteren, dat ass just eng Handvoll. Mee en fin de compte, ouni d' Dokteren, geet et net a wa mer gäre gutt Dokteren unzéien, da muss och iergendwéi de System attraktiv sinn."
An den Ae vum President vun der Dokteschassociatioun AMMD, géif sech mat dësem Dossier, net sachlech ausenee gesat ginn.