Trotz Aarbecht keng Chance op WunnenDäiwelskrees Noutlogementer

Claudia Kollwelter
Monica Camposeo
Claude Zeimetz
Ëmmer méi Leit hu Problemer, eng Wunneng ze fannen a se och kënnen ze bezuelen.
Ëmmer méi Leit hu Problemer, eng Wunneng ze fannen a se och kënnen ze bezuelen.
Wann ee gezwongen ass, seng Wunneng ze verloossen, ginn et Noutlogementer.

Wann ee gezwongen ass, seng Wunneng ze verloossen, mee och am Fall vun engem Hausbrand oder uergen Iwwerschwemmungen, ginn et Noutlogementer. Allerdéngs sinn och déi limitéiert an der Unzuel an an der Durée, wou ee kann dra bleiwen.

Zanter bal engem Joer lieft den elengerzéiende Papp Agostinho Martins mat sengen dräi Kanner an esou enger Noutwunneng vun der Gemeng Steesel. Dat well d'Famill, no der Trennung vun den Elteren, aus hirem fréieren Haus eraus gesat gouf. De Papp seet am Interview, dass hien deemols net geschafft huet. D'Kannergeld an d'Assurance Dependance, déi hie fir d'Fleege vun engem vun de Kanner kritt, ass net duergaangen, fir de Loyer an all d'Käschten ze decken.

Trotz Aarbecht, déi hien eng Zäit laang hat, konnt de Papp keng nei Wunneng fannen. Antëscht ass säi Patron an d'Pensioun gaangen an den elengerzéiende Papp ass op de Chômage ugewisen. Eng nei Aarbecht fannen, bei där hien sech trotzdeem ëm säi Jong këmmere kann, dat wier net einfach. Zanter bal engem Joer ass d'Famill schonn an der Noutwunneng vun der Gemeng.

En Noutlogement ass awer per Definitioun just fir eng kuerz Zäit geduecht, no dräi Méint hätt d'Famill missen erausplënneren. Da gouf d'Mise à Disposition zwar nach emol ëm 3 Méint verlängert, mee och déi sinn antëscht scho laang iwwerschratt.

© RTL

D’Buergermeeschtesch vu Steesel Manon Kolber schwätzt vun engem Däiwelskrees:"Mir wëlle keen oder mir kënne kee rausgeheien, well dann ass et jo erëm trotzdeem eis Flicht, fir déi Leit erëm opzehuelen. Dat Wichtegst ass dat Zesummespill zwëschent deenen eenzelen Acteuren, dass dat funktionéiert an dass een einfach déi Leit schnellstméiglech an eng aner Situatioun brénge kann a se aus där Noutwunneng erauskritt."

Fir d'Anasig, d’Associatioun vun den Assistants sociaux, ass d'Schicksal vun der Famill Martins guer keen Eenzelfall. Gefuerdert gëtt an deem Sënn eng besser Koordinatioun tëscht den Acteuren.

De Jean -Michel Campanella, Vize-President vun der Anasig: "Wat maache mer mat de Leit, wa se no dräi, sechs Méint oder zwielef Méint näischt fannen, da riskéiere se, datt se rëm op der Strooss landen oder rëm zréck an enger insalubre Wunneng landen, well et duerno och an der zweeter Etapp näischt gëtt."

© RTL

No den Noutlogementer feelt et u genuch Offer um Logementsmaart, respektiv u Sozialwunnengen, fir Leit mat engem niddregen Revenu.

E Problem, deen och den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher kennt. All Woch gëtt d'Ekipp vum OKaJu mat Wunnproblematike befaasst. Zentral wier dobäi, dass et einfach net genuch Noutwunnenge gëtt. An engem Monitoring huet den OKaJu festgehalen, dass et uechter d'Land 50 bis 75 Noutlogementer gëtt. Den Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher Charel Schmit: "Dat wat mer brauchen, ass och iwwergangsméisseg fir déi 100 Gemengen een Noutwunnengspark, dee vill méi grouss ass, wéi deen, dee mer bis elo hunn. A natierlech an där Problematik bäisst d' Kaz sech an de Schwanz, well wa mer keng sozial Wunnengen hunn, wou mer déi Leit no deem Iwwergang an der Noutwunneng kënnen awer definitiv installéieren, dann komme mer net vir an hannen et net eraus."

De Wunnengsproblem wier eng Laascht, déi hei am Land all d'Acteuren missten zesummen droen, esou nach d'Anasig an den Okaju. Fir den Ombudsman dierften d'Gemengen dobäi net eleng gelooss ginn.

Back to Top
CIM LOGO